Diskussioun:Vishnuismus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"De Wischnuismus ass eng vun den dräi Haaptrichungen vum Hinduismus (nieft dem Schiwaismus an dem Schaktismus), déi als héchst Wiesen a Gottheet de Wischnu unhuelen, där all aner Gëtter ënnergeuerdnet sinn. De Wischnuismus ass e monotheistesche Glawen."

Eng Gottheet, där aner Gëtter ënnergeuerdnet sinn. Ass dat e monotheistesche Glawen? Sinn ech domm oder gi mer hei op d'Schëpp geholl. --80.200.223.76 15:50, 11. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Op der de-wiki gi se op dee Punkt an. Aus eiser Siicht kann dat natierlech kee Monotheismus sinn, well et nach aner Gëtter gëtt. Mee am Selbstverständnis vum Wischnuismus ass et Monotheismus, well déi aner Gëtter keng richteg gläichberechtegt Gëtter sinn, mee just eng Zort Dinger, an de Wischnu gëtt als deen "Een ouni en Zweete", veréiert. Elo kann een eisen Artikel awer esou verbesseren oder kompletéiere wéi ee wëll, et ass dem Cornischong säi Bëbee, net mäin. --Otets 16:28, 12. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Wann eng Cornischong den Artikel gemaach huet da verstinn ech och firwat de Lemma mat W geschriwwe gouf amplaz mat V wéi an all den anere Wikien. Huet d'lb:Wiki aner Transkriptiounsregelen. --81.242.164.59 15:36, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Mat W ass de Lemma ausser hei just nach op Polnesch, Javanesch an Indoneesesch. Heiansdo huet d'lb-wiki aner Transkriptiounsregelen wéi op anere Wikien, mee hei fir Sanskrit hu mer der bis ewell nach iwwerhaapt keng opgestallt. Wann ech déisäit d'Musel kucken, an deenen hire Regele steet, datt esouwuel "w" wéi och "v" méiglech sinn, "v" awer dacks méi gebräichlech ass, an e Begrëff just da mat "w" geschriwwe soll gi wann déi Schreifweis ausnamsweis eendeiteg méi am Gebrauch ass fir dee Begrëff. Domat wiere mer also bei der Fro, op een op Lëtzebuergesch méi dacks "Wischnuismus" oder "Vishnuismus" gesäit. Ech géif alt emol soen datt een an eisem Sproochraum weder dat eent nach dat anert ze liese kritt (ausser op der Wiki), an domat huet d'Fro keng Äntwert. Mee wou de "sch" hierkënnt aplaz "sh", dat ass dann nach eng aner intressant Fro. --Otets 16:31, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]


Moien, hei ass nach keen derzou komm, Transkriptiounsreegelen aus dem Hindi opzestellen - vläit och, well bis ewell kee Mataarbechter déi Sprooch kann. "Wischnuismus" schéngt mer eng net onlogesch phoneetesch Transkriptioun ze sinn, mee "Vishnuismus" (wéi am Däitschen, a vun der englescher Transkriptoun ofgeleet) ass sécher och net falsch. Ech iwwerloosse gär deenen, déi sech op deem Gebitt auskennen, de Choix, wat Haaptlemma soll sinn. Vläit gëtt jo och et eng lëtzebuergophon Communautéit vun där Glawensriichtung, déi schrëftlech Dokumenter publizèiert huet, wéi si sech selwer nennen? Da wier d'Saach séier geléist. --Zinneke (Diskussioun) 16:33, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]
Dat ass och vläicht gutt esou datt nach keen derzou komm ass. Wa mir d'Transkriptiounsregelen opstellen, maache mir dann net eppes wat mir guer net maache sollen, nämlech Regele fir d'Lëtzebuergescht opstellen. Wier et net d'Charge vun enger Dictionnaireskommissioun oder dem Cpll, fir dat ze maachen. Ech fannen et géif mol Zäit ginn datt déi Leit aus hirem Dornréiserchersschlof erwechen. D'Commissioun funktionnéiert anscheinend schonn zanter engem Joer net méi, well se net komplett ass. Et gouf awer och net dru geduecht fir se opzefëllen. Froen un de Ministère ginn esou an der Loft gehalen. Awer näischt geschitt. --Les Meloures (Diskussioun) 17:39, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]


Ofschléissend zu der Schreifweis: Wikipedia:Nummkonventiounen/Indien. Den Artikel ëtt deemno vu Wischnuismus op Vishnuismus geréckelt.