Arthropoden

Vu Wikipedia
Arthropoden

Systematik
Räich: Déiereräich
Ënnerräich: Metazoa
Iwwerstamm: Urmünder
Stamm: Arthropoden
Wëssenschaftlechen Numm
Arthropoda
Ënnerstämm

Antennendéieren
Kriibsdéieren
Chelicerata
Stompféisser


D'Arthropoden (Arthropoda) oder Glidderféisser sinn e Stamm aus dem Déiereräich. Si si mat 75 % vun alle bekannten Aarten de gréisste Stamm aus dem Déiereräich.

Zu den Arthropode gehéieren ausser den Insekten, Dausendféisser, Spannendéieren, Milben a Kriibsdéieren och nach manner bekannt Gruppe wéi d'Séispannen an d'Feilschwanzkriibsen.

D'Gréisst geet vu mikroskopesch klengen Déiere bis hin zu Homaren déi 75 cm laang kënne ginn.

All d'Glidderféisser hunn e baussenzegt Sklett dat de ganze Kierpe ëmschléisst an dat duerch Haitungen erneiert gëtt.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arthropoda – Biller, Videoen oder Audiodateien