Kräid (Geologie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
N spéider spéider
Ä
E
R
D
M
Ë
T
T
E
L
A
L
T
E
R
Period
Kräid
Iewescht
Ënnescht
Period
Jura
Malm
Dogger
Lias
Period
Trias
Iewescht
Mëttels
Ënnescht
N éischter éischter

D'Period vun der Kräid ass déi jéngst Period aus dem Äerdmëttelalter. Si huet virun ongeféier 145 Millioune Joer ugefaangen a bis viru 65 Millioune Joer gedauert.

Si steet am Zäitalter nom Jura a virum dem Paläogen a gëtt an zwou Epochen agedeelt: der Ieweschter Kräidepoch an der Ënneschter.

Si ass den Iwwergang vum Äerdmëttelalter an der Äerdneizäit, bei der dräi Véirels vun all de Liewewiese verschwonne sinn. D'Grenz ass duerch d'Tounschicht definéiert, déi déi kallekräich Sedimenter vun der Kräid-Period vun deene vun der nofolgender Epoch trennt.

Iewescht Kräidepoch[änneren | Quelltext änneren]

Dës Epoch huet vu virun ongeféier 99,6 bis virun 65,0 Millioune Joer gedauert.

Ënnescht Kräidepoch[änneren | Quelltext änneren]

Dës Epoch huet vu virun ongeféier 145,0 bis virun 99,6 Millioune Joer gedauert.

Fauna a Flora[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Aartevillfalt vun den Dinosaurier ass entstanen. D'Bléieplanzen hunn eng Allianz mat den Insekte gebilt: si hunn hinne Pollen an Nektar ugebueden, am Géigenzug si si vun hinne bestäubt ginn. D'Plazenta- an d'Béideldéieren hu sech vun den Urmamendéieren ofgezweigt. Beim fënnefte Massstierwen vun der Äerdgeschicht gi bis zu dräi véirels vun allen Déieren- a Planzenaarte verluer.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kräid (Geologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien