Äerdneizäit

Vu Wikipedia

De Kenozoikum oder d'Äerdneizäit besteet aus zwou Perioden: den Neogen an de Paleogen. Et ass deen Äerdzäitalter deen nom Äerdmëttelalter, dem Mesozoikum kënnt. D'Äerdneizäit huet ongeféier viru 65 Millioune Joer ugefaangen an huet bis zum Ufank (-2.5 Mio Joer) vum Quartär gedauert.

Fauna a Flora[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst echt Primate sinn opgetrueden an d'Bléieplanzen an d'Insekte fänken u sech ëmmer méi auszebreeden, geneesou wéi d'Vullen an d'Mamendéieren. Géint Enn vum Zäitalter ass de Mënsch opgetrueden.

Kontinentalverschibung a Klimawiessel[änneren | Quelltext änneren]

Indien kollidéiert mat Asien an den Himalaya entsteet. D'Nordkontinenter dreiwen auserneen. Fir d'éischt herrsche méi kal Temperaturen, duerno gëtt et erëm tropesch waarm. Duerch de Klimawiessel an d'Kontinentalverschibung ännere sech d'Liewensraim, d'Savanne gi méi grouss an d'Bëscher méi kleng.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Geologesch Zäitskala