Diskussioun:Edouard Luja

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dës Aussoen schéngen mir nët korrekt ze sin:

Zu Lëtzebuerg war hien ënnert de Grënner vun der Botanescher Gesellschaft, da vun der Fauna (Société des naturalistes luxembourgeois),...

Den Edouard Luja (1875) war nach nët gebuer wéi d'Société de Bonatique am Joer 1872 gegrënnt gouf an war och nët ënnert den G¨rnner vun der SNL.

Et wier flott fir an sengem Artikel op seng Entdeckung vum Kaffi Robusta hinzeweisen (Coffea canephora Pierre var. robusta L. Linden) (cf. Massard, J. Livre du centenaire pp. 136-137).

Christian Ries

Merci fir d'Infromatiounen. Du kann s déi direkt an den Artikel abauen.
Ënnerschreiwe kann s de op den Diskussiounssäite mat -- an direkt drop 4 Tilden (~) da kënn toch den Datum mat derbäi. --Cornischong 13:14, 12 Februar 2006 (UTC)

OK, ëch wollt dem Auteur vun dësem Artikel dat iwerloossen :-)

--83.99.69.232 13:48, 12 Februar 2006 (UTC)Christian Ries

Auteur ass jiddereen, deen eppes méi weess, an et dobäischreift.[Quelltext änneren]

Moien,

Et gëtt net "den" Auteur vun engem Artikel. D'Wiki ass jo e Kollektivprojet; jiddereen, dee matschreift, ass (Mat-)"auteur".

Am heite Fall huet meng Quell net méi hirginn, wéi dat, wat ech do higeschriwwen hat. Dofir: Zéckt net, déi Informatiounen déi Der hutt, anzebauen, besonnesch och déi Saach mam Kaffi. Intressantes genuch huet dee Mann jo erlieft!

--Zinneke 14:01, 12 Februar 2006 (UTC)

Fro[Quelltext änneren]

"an huet 1898 ugefaang, laang Fuerschungsreesen ze maachen.": Wien huet eigentlech déi Reesen organiséiert a finanzéiert? --Cornischong 09:11, 13 Februar 2006 (UTC)