Roger Krier

Vu Wikipedia
Roger Krier
Gebuer 20. Mäerz 1910
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. August 1992
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De Roger Krier, gebuer den 20. Mäerz 1919 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 11. August 1992, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]

Hien huet op Arbed Belval eng Léier als Schlässer gemaach an dono am Reparaturdéngscht vun den Héichiewe geschafft. 1978 goung en a Pensioun.

Hie war an der Zäit vum Zweete Weltkrich Member vun der lokaler Grupp vun der Resistenzorganisatioun LRL an dono Member vum LAV.

1957 gouf hien an de Gemengerot vu Suessem gewielt a gouf do den 1. Januar 1958 Schäffen. 1964 gouf hien do normale Gemengerotsmember, ier en den 22. Oktober 1966 Buergermeeschter gouf. Hie blouf dat bis Enn Oktober 1980, wou en dat Amt dem Metty Greisch iwwerlooss huet.

1968 gouf de Roger Krier op der LSAP-Lëscht vum Südbezierk an d'Chamber gewielt a gouf zweemol duer erëmgewielt. 1984 huet hien net méi kandidéiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.127.