Minettsdapp

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Minettsdäpp)
Bildlecht Wuertspill

Minettsdapp ass eng Bezeechnung aus dem Volleksmond fir d'Awunner aus dem Süde vu Lëtzebuerg, der Minettsgéigend.

Wat d'Etymologie vum Wuert ugeet, sou gëtt den Urspronk heiansdo drop zeréckgefouert, datt d'Biergaarbechter zwar haart hu misse schaffen, awer als Ausgläich och grad sou gär ausgeloosse gefeiert hunn, sou freedeg wéi en Dillendapp dee sech dréint.

Eng méi plausibel Erklärung ass déi, datt ënner deenen éischte Biergleit zu Lëtzebuerg vill Uewerschlesier waren, déi dacks d'Wuert "däppig" (net ganz bei Trouscht sinn) gebraucht hunn. Déi agesiessen Awunner hunn hinnen dunn de Spottnumm "Minettsdäpp" ginn.