Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Nuel

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Nuel
Gebuer 27. Februar 1847
Téiteng
Gestuerwen 21. August 1920
Léck
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Educatioun Universitéit Gent
Aktivitéit Aendokter, Physiolog, Fotograf
Droits d'auteur Droits d'auteur sinn ofgelaf
Member vun Académie royale de médecine de Belgique
Gedenkplack op der Téitenger Grondschoul

De Jean-Pierre Nuel (och an der Schreifweis Nuël ze fannen), gebuer de 27. Februar 1847 zu Téiteng, a gestuerwen den 21. August 1920 zu Léck, war e lëtzebuergesch-belschen Dokter an der Medezin, spezialiséiert als Ophtalmolog (Aendokter) a Physiolog.

De Jean-Pierre Nuel huet 1870 säi Studium op der Universitéit vu Gent mat engem Doktertitel ofgeschloss. Duerno huet hien och zu Lëtzebuerg (1870-1871) déi néideg Exame gemaach, fir do kënnen ze praktizéieren. Duerno huet hien zu Bonn, Wien an Utrecht weiderstudéiert a sech spezialiséiert, zu Utrecht beim Aendokter Franciscus Cornélius Donders (1818 - 1889), dee säi Virbild gouf an deen hie virun orientéiert huet.

Zeréck am Land, huet hie sech zu Eech etabléiert a war dräi Joer laang Hausdokter (Omnipracticien). Gläichzäiteg ass hie mat senge Publikatioune virugefuer.

Seng Artikele goufe virun allem am Dictionnaire encyclopédique des sciences médicales vum Dechambre publizéiert, an hu sech ë. a. mat dem Wimpermuskel (anatomie comparée), der Netzhaut (Anatomie a Physiologie), dem A (Anatomie, Physiologie an Embryogénie) an der Ophtalmie sympathique befaasst.

Nom fréien Doud vum Léon Noël am Joer 1877 huet d'Universitéit vu Léiwen Appell un hie gemaach an e mat der Direktioun vun hirer Aeklinick an der Klinick fir Syphilis- an Hautkrankheete chargéiert. Well hien awer zu Léiwe keng Méiglechkeet hat, fir mat senge Recherchë virunzefueren, huet en dräi Joer duerno demissionéiert, an zu Gent de vakante Poste vu Professer an der Physiologie besat.

1885 huet hien dunn d'Successioun vum Ophtalmolog Ernest Fuchs zu Léck ugetrueden. Zousätzlech huet hien, um Héichpunkt vu senger Karriär, de Physiologiescours an Zesummenaarbecht mat dem bedeitende Léon Frédéricq iwwerholl.

1885 huet hien déi belsch Nationalitéit ugeholl.[1]

Fir un hien z'erënnere gouf d'Téitenger Primärschoul, no hirer Restauratioun 2011, op den Numm École Jean-Pierre Nuel gedeeft.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Beitrag zur Kenntniss der Säugethierschnecke, (1872)
  • Recherches microscopiques sur l ’anatomie du limaçon des mammifères, (1878)
  • La Vision, édition Octave Doin, Paris, (1904)

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 Archive copy. Ripevusch Archivéiert den 29.08.2020. Gekuckt de 15.04.2025.