Diskussioun:Minettstram

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Minettstram op der fr:wiki[Quelltext änneren]

Moien,

Fir et direkt ze soen: ech si kee Minettsdapp an dofir sinn ech mer elo hei net sécher... Et geet drëms, datt ech probéieren den Artikel vum Minettstram fir déi fr wiki (Tramway d'Esch-sur-Alzette) z'iwwersetzen. De Lyon-St-Clair huet schonns den Ufank gemaacht a schreift an der Introduktioun: Le tramway d'Esch-sur-Alzette (aussi dénommé en luxembourgeois : Minettstram, en français : tramway des Terres Rouges) est un ancien réseau .... Gëtt de „Minett “(Minettsgéigend) mat „Terres rouges“ iwwersat oder éischter mat „Bassin minier“? Also eventuell éischter „Minettstram“, = „Tramway du Bassin minier“?

Eisen Artikel Minettsgéigend ass natierlech och mat Terres Rouges op der fr:wiki verlinkt; vläicht ass jo alles richteg esou... Merci am Viraus fir d'Aschätzung vun engem Minettsdapp... GilPe (Diskussioun) 07:47, 27. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Ech hätt eng Preferenz fir Tramway du bassin minier, mä am beschte wier et et géif iwwerhaapt keng sou Iwwersetung op franséiesch ginn, a wa se gebraucht gëtt da soll een op d'mannst soen, datt et just eng traduction littéraire ass fir datt jiddweree wees datt dat am Fong ni sou gebraucht gouf. Et soll och kee mengen et géif een Zesummenhank mat der Terre Rouge der fréierer Schmelz.
Et gëtt zwar d'Vëlospiste Piste cyclable de la Terre-Rouge hei terre-rouge an der Eenzuel a mat Bindestréch. --Les Meloures (Diskussioun) 08:03, 27. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
Als Ergänzung vun engem Minettsdapp: "Terre(s) Rouge(s)" ass ursprénglech eng Iwwersetzung vu Rot(h)e Erde, enger däitscher Stolentreprise. Déi huet awer näischt mat der Faarf rout ze dinn, mee gouf no engem Flouernumm bei Oochen genannt. Wéi d'Schmelz nom éischte WK vun der Arbed iwwerholl gfouf, gouf se op Terres rouges ëmgenannt. Den Ausdrock "Terre(s) rouge(s)" (oder "Red lands") fir de Minett koum menger Erënnerung no an den 1990er Joren an den Toursimusbrochuren op, wou probéiert gouf, d'Minettgéigend toursitesch attraktiv ze prresentéieren, komplementär zu der Muselgéigend, Mëllerdall/Klenger Schwäiz, Eislek an Zentrum.--Zinneke (Diskussioun) 09:58, 28. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
Ps: den däitschen Flouernumm Rot(h)e Erde huet och näischt mat rouder Faarf ze dinn. E bezeechent eng Brooch. --Les Meloures (Diskussioun) 10:19, 28. Mee 2018 (UTC)[äntweren]