Centre de logopédie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Centre de logopédie
(CL)
Typ ëffentlech Schoul, Grondschoul, Secondairesschoul
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Stroossen
Leedung Marc Schmidt
Schülerzuel 9
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale
Gegrënnt 16. August 1968
Um Spaweck https://logopedie.lu/

De Centre de logopédie (gekierzt CL) ass en ëffentleche Kompetenzzenter zu Stroossen, an deem Kanner a Jugendlecher déi ënnert enger Schiedegung vum Gehéier, der Sprooch oder dem Schwätze leiden, an der Grondschoul an dem Secondaire enseignéiert ginn.

Déi meescht Klasse sinn am Haaptgebai zu Stroossen, iwwerdeems et och extern Klassen an Annexen an de Grondschoule vun Déifferdeng, Gréiwemaacher, Housen, Rodange an Ëlwen gëtt.

Den CL ënnersteet dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend wat de schoulesche Volet an dem Gesondheetsministère wat de gesondheetleche Volet ugeet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Centre de logopédie gouf als Sproochtherapie-Zenter mam Gesetz vum 16. August 1968 geschaf[1].

D'Gesetz vum 20. Juli 2018 huet psycho-pedagogesch Kompetenzzentre fir d'Fërderung vun der schoulescher Inclusioun geschaf, ënnert anerem de « Centre pour le développement des compétences langagières, auditives et communicatives »[2] a mam groussherzogleche Reglement vum 7. September 2018 gouf den Numm « Centre de logopédie » fir deen Zenter confirméiert[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 16 août 1968 portant création d'un Centre de logopédie et de Services audiométrique et orthophonique. legilux.public.lu (16.08.1968). Gekuckt de(n) 28.11.2022.
  2. Loi du 20 juillet 2018 portant création de Centres de compétences en psycho-pédagogie spécialisée en faveur de l'inclusion scolaire. legilux.public.lu (20.07.2018). Gekuckt de(n) 28.11.2022.
  3. Règlement grand-ducal du 7 septembre 2018 relatif au Centre pour le développement des compétences langagières, auditives et communicatives. legilux.public.lu (07.09.2018). Gekuckt de(n) 28.11.2022.