Zikatriss
Auteur | Guy Rewenig |
---|---|
Genre | Roman |
Erauskomm | 2001 |
Verlag | Editions Phi |
Zikatriss (Andante). Roman [Trilogie vum klengen Hellegen 2] ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Guy Rewenig, deen 2001 bei den Editions Phi erauskoum.
Wourëms geet et am Roman?
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
An der Kader-Erzielung vun Zikatriss fiert de Josy Klemm virun, der Kommissioun Pro sanctum vivum säi Liewen z'erzielen, fir de Permis als Hellegen ze kréien. Hie beschreift wéi e sech mat allerlee klengen Aarbechten duerchschléit, déi him e Bléck an déi Lëtzebuerger Gesellschaft erlaben: als Magasinier an engem Erotikversand, als ... am Escher Conservatoire, als Homme à tout faire an de Stéit vun der Bourgeoisie, oder als Parfumsverkeefer...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Zikatriss ass d'Suite vu Frëndlech Banditten an de Virleefer vu Lackéiert Elefanten am Rewenig senger "Trilogie vum klengen Hellegen".
Kriticken
[änneren | Quelltext änneren]- De Romain Hilgert schreift am Lëtzebuerger Land:[1]
Dem Rewenig säi moralesche Bléck passt neeleg op eng Lieserschaft vu Léierinnen an Zozialaarbechter, déi fair gehandelte Schluutche kachen, hiren Dreck sënneren, gréng wielen a soss keng Suergen hunn. Hie mécht de Geck mat hierem Therapiegezaubers a jéimert [...] mat hinnen iwwer de Verloscht, "datt [d']Taia keng Anung hat, firwat e Palestinenserschal Palestinenserschal heescht". [...] Wa säin Hellegen iwwer d'Plo vum Schoulhale klot, verzielt de fréiere Schoulmeeschter Rewenig vläicht eng Grëtz vu sech selwer.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Guy Rewenig: Zikatriss (Andante). Roman [Trilogie vum klengen Hellegen 2] Iechternach: Editions Phi, 2001. ISBN 3-88865-183-2.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche op autorenlexikon.lu.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Romain Hilgert: "Dem hellege Jousef säin Handwierk".. In: d'Lëtzebuerger Land 05.04.2002, S. 19.