Frëndlech Banditten

Vu Wikipedia

Frëndlech Banditten. Roman. Adagio sostenuto [Trilogie vum klengen Hellegen 1] ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Guy Rewenig, deen 2001 bei den Editions Phi erauskoum.

Wourëms geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

An der Kader-Erzielung vun Frëndlech Banditten verzielt de Josy Klemm der Kommissioun Pro sanctum vivum säi Liewen, fir de Permis als Hellegen ze kréien. Hie beschreift seng Kandheet, wéi e scho mat dräi Joer wollt en Hellege ginn a portraitéiert seng Famill: De Papp, zanter '68 e lénksradikalen Usträicher, de Brudder Antoine, e manesch-depressiven Nihilist, d'Kusinn Yasmin, schons an der Wéi eng Infirmière, d'Kusinn Sonia, déi e Kand maache wëllt, d'Groussmamm, eng antimonarchistesch Wiertsfra, de Grousspapp, deen Hellegefigure sammelt, de Monni Jamper, deen de Leit d'Liewe rett, fir Gielercher ze kréien, de Monni Mett, deen ëmmer Tuba spille wëllt - just d'Mamm spillt weider keng Roll...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Frëndlech Banditten ass deen éischten Deel vum Rewenig senger "Trilogie vum klengen Hellegen". Déi aner zwéin, déi dat selwecht Joer erauskoumen, sinn Zikatriss a Lackéiert Elefanten.

Kriticken[änneren | Quelltext änneren]

De Josy Klemm ass eng Guy Rewenig-Figur, wéi dohinner gespaut, e Bouf vum Jhemp Medinger aus dem éischte Roman Hannert dem Atlantik 1985. E Simplicissimus, deen aus enger Usträicherfamill aus dem Minett kennt an onschëlleg an enger Welt grouss gët, déi net fir hie gemaach ass. [...] De Rewenig huet de Josy Klemm als klengen Hellegen an eng grouss Kierch gesat, fir nach eng Kéier den Uz mät där Kierch, dat heescht deem pafege Marieland an där ganzer Lëtzebuerger Gesellschaft ze maachen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Guy Rewenig: Frëndlech Banditten. Roman [Trilogie vum klengen Hellegen 1]. Iechternach: Editions Phi, 2001. ISBN 2-919933-04-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Romain Hilgert: "Den hellege Jousef als Kand." In: d'Lëtzebuerger Land, 8.3.2002, S. 19.