Mass mat dräi Hären

Vu Wikipedia

Mass mat dräi Hären ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Guy Rewenig, deen 1989 bei den Éditions Phi erauskoum. Et ass dem Rewenig säin drëtte Roman. 1997 gouf e vum Jean Portante, ënnert dem Titel La Cathédrale en flammes, op franséisch iwwersat.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Verzielt gëtt an der Ech-Form, wéi de John Dennewald, e Grafiker aus dem Minett, mat zolitte lénke politeschen Iwwerzeegungen, vun Esch an d'Stad plënnert, a sech do gezwonge gesäit, de soziale wéi finanzielle Contrainten unzepassen, fir seng Konscht kënne weider auszeüben. Do dernieft trennt e sech vum Linda a fänkt eng nei Bezéiung mam Nada un, eng jonk ma net ganz hell Coiffeuse.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Roman ass eng zum Deel iwwerspëtzt Satir op d'Opginn vu jugendlechen Idealer an de Konformismus am spezifesch lëtzebuergesche Mikrokosmos, wéi en nieft dem Personnage vum John besonnesch och an deem vum Pit zum Ausdrock kënnt, e Jugendfrënd vum John, deen als "Zikkolog" bei enger Bank schafft. Och porträtéiert en (deels bis bis zum Cliché) déi kollektiv sozial Identifikatiounsmierkmoler a Géigesätz tëscht Stad, Minett an Éislek.

Den Titel ass eng Referenz op de Wonsch vun der Mamm vum John, déi gär fir hire verstuerwene Mann, en einfachen Aarbechter, fir säi Begriefnes eng "Mass mat dräi Hären" (d.h. Paschtéier) an der Stater Kathedral hätt. De franséischen Titel sengersäits bezitt sech op e Feier an der Kathedral, de 5. Abrëll 1985, dat duerch Aarbechten um Daach vun engem vun den zwéi Klackentierm ausgebrach war, woubäi den Daachstull vum Tuerm komplett ofgebrannt an an e Koup gefall ass. Am Roman gëtt dat e bësse wéi eng Katharsis duergestallt, fir vun der Muecht vun der Kierch z'entkommen.

Wéi dacks beim Rewenig gëtt hei och d'Sprooch benotzt, fir sozial Facteuren z'ënnersträichen an ervirzehiewen, sief dat duerch de Minetter-Accent, sief dat duerch e franséisch duerchgesate Banquiers- an Intellektuellelangage, oder et gëtt dermat gespillt, fir implizit de Geck ze maachen (wéi bei der Graphie "Käwwin" fir engem Kand säin Numm).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Guy Rewenig: Mass mat dräi Hären. Iechternach: Éditions Phi, 1989. ISBN 3-88865-068-2
  • Guy Rewenig: La Cathédrale en flammes. Iwwersat vum Jean Portante. Iechternach: Éditions Phi; Montréal: XYZ; Bordeaux: Le Castor Astral, 1997.