Op den Inhalt sprangen

Goss (Roman)

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Goss
Auteur Guy Rewenig
Erauskomm November 2024
Verlag Éditions Guy Binsfeld
Sprooch Lëtzebuergesch

Goss ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Guy Rewenig, deen 2024 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.

Wourëms geet et am Roman?

[änneren | Quelltext änneren]

De Sascha Rink, am Ufank vum neie Joerdausend gebuer, muss, als ewell 24-järegen, aus beruffleche Grënn säi Liewenslaf schreiwen. Hie léist säin turbulent Liewe revue passéieren. Ma wat ass richteg geschitt, a wat ass erfonnt, an ass dat iwwerhaapt (nach) wichteg?

Hien erzielt iwwer seng Kandheet a Jugend, a wéi e geschwë geléiert huet, seng Elteren, déi gescheet sinn (d'Mamm huet e Coiffeurssalon, de Papp ass Assurancenagent), ze duerchkucken, a vun hire Schwächten ze profitéieren. Séier mierkt en och, datt ee mat Geschwätz an Erzielungen d'Leit manipuléiere kann, an datt d'Wourecht dobäi net wichteg ass, soulaang een dat erreecht, wourop een eraus wëll ...

Goss gehéiert zu der Gattung Schelmenroman. De Rewenig hat schonn uganks vun den 2000er Jore mat der "Trilogie vum klengen Hellegen" (Frëndlech Banditten, Zikatriss a Lackéiert Elefanten) Romaner an deem Genre geschriwwen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Jeff Schinker lueft Goss am Lëtzebuerger Land[1] als:

"[...] definitv, mat e puer Ofstrécher, ee méi wéi gelongene Comeback [v]um Lëtzebuerger Roman, deen een zyneschen, batteren, ma oft touchanten an éierleche Portrait vum Iwwerliewen an engem ëmmer méi sënnlosen a lächerlechen 21. Joerhonnert zeechent."

De Marcel Kieffer resuméiert seng Analys vum Roman am Luxemburger Wort esou:[2]

"goss“ ass e Buch voller Witz a batterem Humor, flotten a realistesche Portraiten, eng subtil Analys vu Mënsch a Gesellschaft, a virun allem vun deem, wat eng op "de Goss" orientéiert Gesellschaft aus dem Mënsch mécht, resp. net mécht […]. Mee, wéi gewinnt, iwwerzee[g]t de Guy Rewenig hei och erëm als brillante Sproochkënschtler [...], esou dass och säin neit Buch net nëmmen als flotte "Schelmenroman" am Lëtzebuerg vum 21. Joerhonnert, mee och erëm als Manifest fir eng lieweg a gefleechte Sprooch an der moderner Welt vun Internet a Goss ze verstoen ass a voll a ganz iwwerzee[g]t.

Am forum[3] rezenséiert d'Nora Schleich Goss esou:

... Goss kéint sech also als gelongenen Exercice mat vill Witz verstoen, deen engem no an no dann awer ëmmer méi kloer virun Ae féiert, aus wéi enge(n) (Of)Grënn eigentlech d'Sucht no Muecht a Goss, getarnt mat staarkem Optrëtt a wéineg Contenu, entsteet, a wéi däitlech sech déi Tendenze schonn an eiser Gesellschaft weisen - a vläicht och, wee weess, bei engem selwer?

  • Fiche op autorenlexikon.lu.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Jeff Schinker: " 'Ech simuléieren ëmmer méi'." d'Lëtzebuerger Land, 72.Jg. Nr.1, 03.01.2025, S.19.
  2. Marcel Kieffer: "Dem Guy Rewenig säi Bléck op e Vollek, dat nëmmen op de Goss aus ass." wort.lu, 23.02.2025.
  3. Nora Schleich: "Goss – von Guy Rewenig.“ forum. für Politik, Gesellschaft und Kultur Mee 2025, Nr. 443, S.58-59.