Diskussioun:Veianen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fotoe vun engem Hektar déi dann och nach dee bësselchen Text verstoppen. Daat hu mer gär. An dann nach Lait déi nëtt verstinn dass nët jiddereen een 27-33 Zoll-Schirem huet. Les Meloures 08:46, 10 Oktober 2006 (UTC)

Salut Meloures,

Virun enger Zäit waren d'Biller dem Cornischong ni grouss genug, elo schengt op eng Kéier en anere Wand an der Wiki ze blosen, elo mussen d'Biller méi kleng ginn, nodeems se schons eng Ewegkeet an hirer aler Form do stungen.

Zur Info ech hun ech 17 Zoll Schirm. Johnny Chicago 19:11, 10 Oktober 2006 (UTC)

Et ass jo och drëmt gaang dass den SICKT d'Photo an der K¨scht trëllen haat. An op d'Biller lo kleng oder Grouss sinn ännert nawell neischt drun dass den Text aremséileg ass. Daat soll awer kee Reproch un irgendee sinn, jidderee mecht waat e kann. Et ass just komesch dass mer immens vill super gudd Photoen hun a keen deen e Wuert schreiwt. Les Meloures 19:18, 10 Oktober 2006 (UTC)

Billerhysterie oder wann déi nächste Kéier eng Foto "op eemol" an d'Këscht geréit, da riicht iech un de Fachmann![Quelltext änneren]

Et geet hei drëm, datt 3/4 vun der Plaz an dësem Artikel wäiss sinn! Et geet mär drëm, dat d'Fotoë esou vertässelt solle sinn, datt wa méiglech op alle Monitoren bei méiglech allen Opléisungen net zevill wäiss Flaatschen ze gesi sinn an ëm weider guer näischt! Na natierlech geet et drëm, datt d'Biller net sollen an d'Këscht eragoen. Gëscht huet den SICKT mech drop ugeschwat, datt bei him am Artikel "Veianen" D'Bild géif an d'Këscht erareechen, dorophin hunn ech mat him no enger Léisung gesicht. ( Ech hätt solle bei den Johnny Chicago schécken, dann hätt dee sech domat kënnen amüséieren. Mee dee war zofällegerweis net do). Nodeems mer eng fonnt haten, huet een et fir néideg fonnt alles nees ze réckelen. Lo hu mer d'Foto an der Mëtt a lénks a riets an ënnendrënner dat wat net wollten, nämlech wäiss Plaz. A genee dat selwecht leeft mat der Kierch Sandweiler. Nodeems den Text vum "Priedegtstull riets nieft der "Adlerfoto" stoung, war kaum nach eng "wäiss Plaz" do. Dat hällt awer den Johnny Chicago net dovun of, fir den Text nees ënner déi Foto ze setzen, sou datt elo nees op der Héicht vun der "Adlerfoto" riets iwwer d'Halschent wäiss ass. : Ech hu meng Meenung nach net g'ännert!!
Also:Wann ee mengt seng Foto wier net grouss genuch, da soll en och dofir suergen, datt de Layout erhale bleift. Zäit genuch wäert e jo hunn, well d'Aarbecht un den Texter hält sech jo a Moossen.--Cornischong 21:59, 10 Oktober 2006 (UTC)

Moie Cornischong[Quelltext änneren]

Et ass wierklech ganz manéierlech mir Expreesegkeet virzewerfen,wanns de net weess firwat ech d'Biller beim Priedegtstull an der Sandweiler Kierch eremgerëckelt huet, Et ass keng Expressegkeet gewiescht ech hun d'Biller beim Priedegtstull erem emgeännert well elo op mengm Schirm déi 3 kleng Biller iwertenee stungen, an eent dat anert verdeckt huet, esou dat keent vun deene Biller méi ganz ze gesi war . Gudde Rot ass do deier.

Iwwert de Niveau vun der Aktioun mam Bild vun der Buerg vu Veianen da schweigt des Sängers Höflichkeit Johnny Chicago 00:14, 11 Oktober 2006 (UTC)

Moien och, déi Billersaach ass schons eng quokeleg, et fällt just op dass de Problem sech nëmmen an Artikele mat vill Biller a wéineg Text stellt. Biller mat verschiddenne Kadrementer machen och Problemer wann een se wëllt an eng Rei setzen. Dann ass de Problem mat de Gallerien wou nët jiddereen ëmmer alles geseit. Gudd Biller si wichteg mee mer solle ni vergiessen datt eng Enziklopedie nët vu Biller eleng liewt. Ech hatt de Probleem och dass d'Biller annenen gerutscht sinn. Sou weit wéi ech daat gesinn haat geschter de Server Problemer, wëll wann ech d'Fënster fënnef Mol opgemeet hunn haat ech véeir Mol de Problem an eng Kéier nët. Les Meloures 06:24, 11 Oktober 2006 (UTC)

Kucken e bessen Text fir desen Artikel an den nächsten Deeg ze schreiwen. Haaptsächlesch iwwersätzungen aus aaneren wikipedia saiten (hu gescht schon dei daitsch versioun verbessert, kucken dorob obzebauen). Et waert sech aawer haaptsâchlech em material iwwert Buerg handelen (setzen dei emol heihinner, gett net vill Senn e Buerg Artikel ze schreiwen wann deen vun der Stadt eidel bleiwt.--Caranorn 14:59, 11 Oktober 2006 (UTC)

Ma dat wier flott. Da kéime mer endlech mat Veianen weider. Da kucken ech emol bei den Trinitarier. --Cornischong 20:52, 11 Oktober 2006 (UTC)

"* D'Pompelspäicherwierk vun der SEO tëschent Veianen a Stolzebuerg" steet eigentlech net zu Veianen. Mee de Staudamm steet wuel do, direkt (!!!) hanner der Hl. Rochus-Kierch an hirem Kierfecht. --Cornischong 21:19, 11 Oktober 2006 (UTC)

Fir ganz preeeziis ze sinn op der Louhmillen Les Meloures 21:28, 11 Oktober 2006 (UTC) Dann läit nach méi wéi d'Halschescht vum ieweschte Baséng op Veianener Terrain plus nach eng vun de Pompelstatiounen ënnen am Lach. D'elektresch Zentral steet um Terrain vun der Gemeng Pëtscht.

Vilaicht fannen ech suguer nach Photoen vum bau (jo mer hu genuch photoen vu Veianen). Meng Elteren hunn deemols do gewunnt an daat eent oder aanert iwwert Veianen inklusive dem Reservoir fier d'Wort geschriwwen a photographeiert.--Caranorn 22:19, 12 Oktober 2006 (UTC)
Mer si gespaant. --Cornischong 22:26, 12 Oktober 2006 (UTC)
Lo mussen d'Biller erem rondrem gereckelt ginn, well et gesait elo mat Text grauenhaft aus...--Caranorn 16:04, 13 Oktober 2006 (UTC)
Korektioun, just d'Inhaltsverzeichnis gesait net gudd aus, hunn also iwwerdriwen mat grauenhaft.--Caranorn 16:05, 13 Oktober 2006 (UTC)
Schantercher gesinn net ëmmer "gutt" aus :-) Dat ass scho guer net iwwel, well deen Artikel jäitzt scho laang no engem Text. Viru mam Jabel. --Cornischong 16:10, 13 Oktober 2006 (UTC)

...an och déi eenzeg Uertschaft vun der Gemeng[Quelltext änneren]

Misst do nët de Scheierhaff als separat Uertschaft gefouert gin?

An der offizieller Lëscht steht: Scheuerhof (Vianden) als Uertschaft

cf. Diskussioun iwer d'Biwelser Millen.

--Christian Ries 09:13, 3. Abr 2008 (UTC)

Vu datt mer keen Text méi an dësem Artikel hunn, solle mer net e Redirect op d'Gemeng maachen, wou jo haaptsächlech iwwer d'Uetschaft rieds geet an net vill iwwer déi zwee Lieu-diten déi och nach an der Gemeng sinn? --Otets 08:31, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Vu datt decidéiert gouf d'Gemenge separat ze behandelen ass dat keng gutt Iddi. Den Text deen net direkt mat der Gemeng mä éischter mat der Uertschaft ze dinn huet, soll an dësen Artikel getässelt ginn. Op allgemeng Decisioun goufen déi Gemengenartikele ugeluecht.

Ech hat och geduecht déi Propose fir déi Zwee ze trennen hätt ee bestëmmten Zweck. Den Zweck dervunner hunn ech awer bis elo nach net erausfonnt, well weder un de Gemengenartikelen nach un de separaten Uertschaftsartikelen huet sech duerno eppes substantiell verbessert. Les Meloures 08:57, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Grondsätzlech ass et jo eng gutt Iddi, datt all Gemeng en eegenen Artikel huet, separat vum Uertschaftsartikel mam selwechten Numm. Mee wa just eng Uertschaft an der Gemeng ass, da weess ech net wat esou eng Trennung bréngt, well et kann ee wuel kaum eppes aneschters an deen ee wéi an deen aneren Artikel schreiwen. An esou engem Fall wier eng Ausnam zu deer (fir de Rescht gudder) allgemenger Decisioun menger Meenung no net vu Muttwëll. Fir Esch existéiert scho laang esou e Redirect, dee fir d'Lieser wuel praktesch ass. --Otets 09:27, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Et hänkt hei just vun onser Kapazitéit an onsem Wëllen of, fir grondsätzlech Informatiounen iwwer d'Gemeng a grondsätzlech Informatiounen iwwer d'Uertschaft ze trennen. Dat ass a ville Gemengenartikelen nach net komplett gemaach. Ech hat ugeholl de Protagonist vun deenen Trennunge géif sech duerfir asetzen. Et schéngt es wéi wann ech do op engem Holzwee war. D'Gemengenartikele mussen eben an deem Sënn ëmgebaut ginn datt se als reng Gemengenartikelen a Sënn maachen a fir d'Uertschaftartikele gëllt daselwecht. Datt mer ons schwéier domat dinn, mierken ech schonns zënter enger gewësser Zäit, wollt awer nach ni e grousst Gespréich doriwwer féieren. Den Zinneke an ech sinn dem Wonsch vun der Allgemengheet nokomm fir d'Gemengenartikele sonner unzeleeën. Datt do nach net alles perfekt ass, ass gewosst, mä mir zwéin kënnen a wëllen och do net alles maachen. An deem Sënn ass d'Allgemengheet och e bësselche gefuerdert, besonnesch d'Inititeure vun der Iddi, denken ech emol. Oder sollt et nëmme gewiescht si fir Leit un d'Schaffen ze kréien.??? wéi scho bei en etlechen esou Iddien. Les Meloures 11:52, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Hm, ech mengen net datt ech ee vun den Inititeure vun deer Iddi war. Mee wann s de mengs fir déi Trennung ouni Ausnam ze behalen, da setzen ech hei ausgewielte Gemengentext an den Uertschaftsartikel. --Otets 12:04, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

An aner Sproochen ... gëtt net ugewisen[Quelltext änneren]

Mojen, hei ass e Beispill vun enger Schabloun, déi e Benotzer warscheinlech aus enger Virlag erakopéiert huet, an an där follgend Zeil dra steet, déi nët ugewise gëtt:

| An anere <br> Sproochen = [[Franséisch|fr]]: Vianden <br> [[Däitsch|de]]: Vianden

Bei aneren Uertschaften sinn ech deem Problem schonns begéint, an déi eenzeg Léisung huet doranner bestanen déi Zeil frësch anzetippen. Do schéngt e verstoppten Zeechen ze existéieren, wat déi Zeil desaktivéiert? --Christian Ries 06:47, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien
Dat ass e klenge Schablouneproblem a gëtt no an no verbessert.
Les Meloures 07:59, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
Ok, merci. --Christian Ries 08:03, 19. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]