Eurosolar

Vu Wikipedia

EUROSOLAR ass eng gemengnëtzeg europäesch Vereenegung fir d'Erneierbar Energien, d. h. hiert Haaptuleies ass d'Verbreedung vun der Solar- a Bioenergie, d'Weiderentwécklung vun den entspriechenden Technologien an der politescher Ënnerstëtzung fir d'Asetze vun erneierbaren Energien.

D'Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. gouf 2002 gegrënnt an ass eng vu villen europäesche Sektioune vun EUROSOLAR e. V. .

Nieft verschiddenen Aktivitéiten d'Joer duerch gëtt och all Joer de lëtzebuergesche Solarpräis organiséiert, fir interessant Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien ervirzehiewen a sou d'Theema erneierbar Energië méi bekannt ze maachen.

De Präis gëtt a follgende Kategorië verginn:

  • Stied a Gemengen oder Stadwierker
  • Industriell, kommerziell oder landwirtschaftlech Betriber/Entreprisen
  • Lokal oder regional Veräiner als Fërderer vu Projete fir erneierbar Energien
  • Solaart Bauen
  • Mediepräis fir Journalisten, Auteuren oder e Medium fir Rapporten iwwer erneierbar Energien
  • Transportsystemer mat erneierbaren Energien
  • Bildung an Ausbildung
  • Sonnerpräis fir besonnescht perséinlecht Engagement

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]