Lise Piazza

Vu Wikipedia
Lise Piazza
Gebuer 1978
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser

D'Lise Piazza, gebuer 1978, ass eng lëtzebuergesch Professesch am Secondaire an Historikerin.

No hire Secondairesstudien am Escher Lycée Hubert-Clément (B-Sektioun classique, 1997) huet d'Lise Piazza zu Bréissel op der ULB zäitgenëssesch Geschicht studéiert a mat enger zweeter Lizenz (= MA) ofgeschloss. Hir Diplomaarbecht huet sech mat der Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg, besonnesch vun de Fraen, an zwar am Arrondissement judiciaire vu Lëtzebuerg ofginn.

Am Kontext vun hirem Stage pédagogique huet si eng zweet Aarbecht zum selwechten Theema verdeedegt, dës Kéier awer am Arrondissement judiciaire Dikrech. Zanter 2007 schafft d'Lise Piazza als Geschichtsprofessesch am Lycée Aline-Mayrisch an der Stad.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]