Zwentibold

Vu Wikipedia

Den Herzog Zwentibold gebuer 870 oder 871, a gestuerewen den 13. August 900, war vum Mee 895 bis 900 Kinnek vu Lotharingien. Säin Numm huet e vu sengem Pätter, dem Sventopluk vu Groussmieren (Zwentibold ass d'frankiséiert Form vu Sventopluk).

Den Zwentibold war den eelste Jong vum Arnulf von Kärnten an hätt sollen am Ufank deem säin Nofollger ginn. Well en awer baussent engem Bestietnes gebuer gouf an den Arnulf méi spéit mam Ludwig dem Kand e legitime Jong kritt huet, huet den Arnulf duerchgesat - déi Loutrengesch Adeleg waren dogéint - datt den Zwentibold Kinnek vu Lotharingie sollt ginn. Mä och no senger Kréinung huet en déi Adleg géint en opbruecht; de 4. Februar 900 hu se de Ludwig, dee just 7 Joer hat (dofir säin Zousaznumm "d'Kand" zu Forchheim zum Kinnek erhuewen, an der Hoffnung, datt en se sou hir Interessen am beschten duerchsetze kéint.

Am Fréijoer 897 huet den Zwentibold d'Oda vu Sachsen bestuet, eng Duechter vum Otto I. vu Sachsen.

Den Zwentibold, deen zu senger Zäit beschriwwe gouf als een dee gär gefeiert huet, mä als Kinnek net talentéiert war, huet och e puer Kléischter gestëft oder ënnerstëtzt, besonnesch d'Abtei Susteren, wou 2 Duechtere vun him, d'Benedicte an d'Cécilia, Äbtissinne waren a wou en och begruewe gouf, nodeem en, net wäit vum Klouschter ewech, an engem Gefecht ëm d'Liewe koum.