Sirer Millen
![]() D'Millen am Joer 2011 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Sir |
Koordinaten |
49° 54’ 13.1’’ N 5° 46’ 45.3’’ O |
Proprietär | privat |
D'Sirer Millen, och Lanners Millen genannt, ass eng Millen zu Sir, déi mam Waasser vun der Bëtler Baach ugedriwwe gouf.
Si soll ëm déi 500 Joer al sinn. Bis Dezember 2018 war si iwwer 100 Joer am Besëtz vun der Famill Lanners. D'Mille war bis an d'1990er Joren aktiv[1], de leschte Mëller war den Alexis Lanners[2].
Zanter 2018 ass d'Millen am Besëtz vun der Famill Feltz-Heldenstein, déi wëlles huet, déi al Millen ze restauréieren an nees un d'Goen ze kréien. Et gëtt awer Schwieregkeeten, well uewenzeg vun der Millen e Projet besteet fir d'Bëtler Baach ëmzeleeden, wat mat sech brénge géif, datt de Millegruef kee Wasser méi hätt fir déi historesch Fancis-Turbinn unzedreiwen.[3]
Den 18. Mee 2007 gouf se als Nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen, an den 23. Oktober 2020 och de Millekanal[4].
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- John Lamberty, Don Quijote mit Wassermühle, Luxemburger Wort, 13. Juni 2020, S.36
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Sirer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Säit iwwer d'Mëllerfamill Lanners an d'Millen op lannersnet.lu.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ dem Artikel vum J. Lamberty no, bis uganks vun den 2000er Joren
- ↑ "Fir se z'erhalen: D'Bannmillen zu Sir soll verkaf ginn." rtl.lu, 29.11.2017, 06:13:03.
- ↑ John Lamberty: "Syr: Mühlenrestaurierung mit Hindernissen." wort.lu, 13.06.2020.
- ↑ Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2021).