Bëtler Baach
Ausgesinn
|
D'Bëtler Baach op der Grenz an Direktioun Lëtzebuerg | |
| Längt | 1.500 m |
|---|---|
| Hydrographesche Baseng | Rhäin |
| Originn | |
| Originn | Zesummefloss |
| Héicht | 407 m |
| Konfluenz | |
| Leeft an | Syrbaach |
| Plaz | Sir |
| Héicht | 360 m |
| Geographie | |
| Land |
|
| Regioun | Éislek |
|
| |
D'Bëtler Baach entsteet an der Belsch, 1,5 km westlech vun Harel, aus dem Zesummelaf vum Ruisseau de Lutremange an dem Ruisseau de la bonne Eau (407 M (NG-L)). Direkt duerno fiddert se de Weier vun der fréierer Gierwerei vu Bëtleng a kritt just éier se bei der Gossemaark LB192 op lëtzebuergeschen Terrain leeft, d'Waasser vum Ruisseau de la Gotte derbäi.
Si ass ongeféier 3,5 km laang, leeft a südlecher Richtung, ufanks ronn 700 Meter an der Belsch, da laanscht déi fréier Schaulsmillen a bilt dann nërdlech vu Sir zesumme mat der Hareler Baach d'Syrbaach (360 M i. NN). Iwwer e Millegruef gouf hiert Waasser benotzt fir d'Rad vun der Sirer Millen ze dreiwen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
