Léon Blum

Vu Wikipedia
Léon Blum
Gebuertsnumm André Léon Blum
Gebuer 9. Abrëll 1872
Paräis
Gestuerwen 30. Mäerz 1950
Jouy-en-Josas
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Henri IV,
École normale supérieure
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Literaturkritiker, Journalist
Partei SFIO
Member vun Franséisch Liga fir Mënscherechter

De Léon Blum, gebuer den 9. September 1872 zu Paräis, a gestuerwen den 30. Mäerz 1950 zu Jouy-en-Josas, war e franséische sozialistesche Politiker an der Zäit vun der 3. franséischer Republik. Vum 4. Juni 1936 bis zum 21. Juni 1937 war hie Regierungschef vun enger Koalitioun vu Sozialisten a Lénksradikalen, mat der prinzipieller Ënnerstëtzung vun de Kommunisten, déi allerdéngs net aktiv un de Regierungsgeschäfter deelgeholl hunn. Déi Form vun Zesummenaarbecht vun den dräi méi oder manner lénks orientéierte Parteien ass als Front populaire an d'Geschicht agaangen. Tëscht dem 13. Mäerz an dem 8. Abrëll 1938 war de Léon Blum nees eng Kéier kuerz un der Spëtz vun der Regierung.

De Blum, dee Judd war, hat kee liichte Stand: deemools haten de Faschismus an de Kommunismus e staarken Afloss an Europa, a Frankräich hu méi oder wéinger rietsextremistesch Organisatiounen (Ligues) hiert Onwiese gedriwwen, de Spuenesche Biergerkrich huet sech direkt virun der Dier ofgespillt, an den Hitler huet sech ëmmer manner un de Versailler Vertrag vum 28. Juni 1919 gehalen. Dem Léon Blum seng Regierung huet awer eng Partie sozial Reformen duerchgesat kritt, z. B. de bezuelte Congé.

Ënner der nazidäitscher Okkupatioun vu Frankräich huet de Vichy-Regime vum Marschall Pétain de Léon Blum an de Prisong gehäit. Hie krut e Prozess gemaach, deen eng skandaléis Parodie vu Justiz war, a koum wéineg méi spéit an d'KZ Buchenwald. E puer Méint no der Liberatioun, wéi Nazidäitschland zerschloe gi war, koum hien zeréck a seng franséisch Heemecht.

Nom Krich gouf de Léon Blum nees kuerz Regierungschef: vun Dezember 1946 bis Januar 1947 war hie President vun der provisorescher Regierung vun der nees hiergestallter franséischer Republik, mam Optrag d'Institutioune vun der 4. Republik op d'Schinnen ze setzen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Nouvelles conversations de Goethe avec Eckermann; Paräis (Éd. de La Revue blanche), 1901.
  • Stendhal et le beylisme; Paräis (Ollendorf), 1914.
  • Bolchévisme et socialisme; Paräis (Librairie populaire), 1927.
  • La réforme gouvernementale; 1936.
  • Discours politiques; 1997.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Winock (ënner der Leedung vum), Les années trente - De la crise à la guerre; Paräis (Seuil; collection "Points"), 1990.
  • Serge Berstein, Léon Blum (Biographie); Paräis (Fayard), 2006; 835 Säiten.
  • Serge Berstein, Léon Blum, un intellectuel en politique; Paräis (Histoire@Politique, Presses de Sciences Po, n° 5), 2008.
  • Frédéric Salat-Baroux, Blum le Magnifique - Du Juif "Belle Époque" au leader socialiste; Paräis (Éditions de l'Observatoire), 2020; 255 S.; ISBN 979-10-329-0177-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léon Blum – Biller, Videoen oder Audiodateien