Héloïse Bock

Vu Wikipedia
Héloïse Bock
Gebuer 21. Mäerz 1976
Royal Oak
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne,
London School of Economics
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Demokratesch Partei

D'Héloïse Bock, gebuer den 21. Mäerz 1976[1] zu Royal Oak am Michigan (USA)[2], ass eng lëtzebuergesch Affekotin.

No hirem Droitsstudium op der Université de Paris I-Sorbonne (internationaalt Rech an Handelsrecht) an engem Master am Droit op der London School of Economics gouf d'Héloïse Bock 2001 Member vum Stater Barreau an ass an de Cabinet Arendt & Medernach agetrueden, wou s'ewell Partner ass.

Si war vu Juni 2015 bis Juli 2019 Presidentin vum Verwaltungsrot vu Servior[2][3].

De 4. August 2015 gouf si als Member vum Staatsrot vereedegt[4]

Bei de Gemengewalen 2017 gouf si op der DP-Lëscht an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt[5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun alle Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. 2,0 2,1 (J50) Centres, Foyers et Services pour personnes âgées. lbr.lu. Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  3. "L'été studieux de Héloïse Bock" op paperjam.lu, 30. Juli 2015.
  4. "Assermentation de Mme Héloïse Bock." op conseil-etat.public.lu, 06-08-2015.
  5. Fiche op vdl.lu