Katrín Jakobsdóttir

Vu Wikipedia
Katrín Jakobsdóttir
Gebuer 1. Februar 1976
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Universitéit Island,
Universitéit Island
Aktivitéit Politiker, Ëmweltaktivist
Partei Lénks-Gréng Beweegung
Mamm Signy Thoroddsen

D'Katrín Jakobsdóttir, gebuer den 1. Februar 1976 zu Reykjavík, ass eng islännesch Politikerin (Lénks-gréng Beweegung). Si ass zanter dem 30. November 2017 Premierministesch.

Si war zanter 2003 Vizepresidentin, an zanter 2013 Presidentin vun der Lénks-grénger Beweegung. Vun 2007 bis 2017 war si Member vum Althing, dem islännesche Parlament. Tëscht 2009 an 2013 war si Ministesch fir Bildung, Wëssenschaft, Kultur an Nordesch Zesummenaarbecht.

D'Katrín[1] huet op der Universitéit Island (Háskóli Íslands) islännesch Sprooch a Literatur studéiert.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An Island ginn d'Leit traditionell mam Virnumm identifizéiert.