Bjarni Benediktsson (1970)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bjarni Benediktsson
Gebuer 26. Januar 1970
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Universitéit Island,
University of Miami
Aktivitéit Politiker, Affekot

De Bjarni Benediktsson, gebuer de 26. Januar 1970 zu Reykjavík, ass en islännesche Politiker. Hien ass zanter Abrëll 2024 Premierminister vun Island.

Hie war schonn eng Kéier tëscht Januar a September 2017 Premierminister, an enger Koalitioun mat de liberale Parteie Björt framtíð a Viðreisn. Dono war hie vum 30. November 2017 bis den 8. Abrëll 2024 Wirtschafts- a Finanzminister, an dono Ausseminister an der Regierung vu senger Nofollgerin Katrín Jakobsdóttir. Wéi déi zeréckgetrueden ass, fir bei de Presidentschaftswalen ze kandidéieren, krut de Bjarni[1] nees hir Plaz.

Och vum Mee 2013 bis 2017 war hie Finanz- a Wirtschaftsminister, an ass zanter 2003 Deputéierten am Althing.

Hien ass Jurist (Master of Laws vun der University of Miami School of Law).

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An Island ginn d'Leit traditionell mam Virnumm identifizéiert.