Juscelino Kubitschek

Vu Wikipedia
Juscelino Kubitschek
De Juscelino Kubitschek (1956).
Gebuer 12. September 1902
Diamantina
Gestuerwen 22. August 1976
Resende
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Brasilien
Educatioun Universidade Federal de Minas Gerais
Aktivitéit Dokter, Politiker
Famill
Bestuet mat Sarah Kubitschek
Mamm Júlia Kubitschek
Kanner Maria Estela Kubitschek, Márcia Kubitschek

De Juscelino Kubitschek de Oliveira, gebuer den 12. September 1902 zu Diamantina, am Minas Gerais, a gestuerwen den 22. August 1976 bei Resende, am Bundesstaat Rio de Janeiro, war e brasilianesche Politiker. Hie war vun 1956–1961 Staatspresident vu Brasilien.

Hien hat fir Dokter studéiert an no sengem Studium huet hien zu Paräis, Wien, Berlin an a Brasilien geschafft. 1933 bis 1937, wéi de Getúlio Dornelles Vargas sech un d'Muecht geputscht huet, war hien Deputéierten am Federale Parlament. 1939 gouf e Buergermeeschter vu Belo Horizonte, der Haaptstad vu Minas Gerais. Vun 1946 bis 1950 war hien op en Neits Deputéierten an dono bis 1955 Gouverneur vu Minas Gerais.

Säi gréisste Projet wärend senger Amtszäit als President war d'Grënnung vu Brasília, der neier Haaptstad. Si gouf den 21. Abrëll 1960 ageweit.

No engem Militärputsch 1964 ass de Kubitschek an Europa an an d'USA an den Exil gaangen. 1967 goung en hannescht a Brasilien, wou en awer politesch keen Afloss méi hat.

Hien ass den 22. August 1976 bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm. 2013 koum eng Spezialkommissioun zu der Konklusioun, datt et keen Accident, mä d'Resultat vun engem Komplott gewiescht soll sinn.

No him genannt goufen d'Juscelino-Kubitschek-Bréck an de Fluchhafe vu Brasília, e Kraaftwierk beim Barrage vun Irapé souwéi de Memorial JK zu Brasilia, dat vum Oscar Niemeyer entworf gouf.

Am Januar 1956 war hien op Staatsbesuch zu Lëtzebuerg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juscelino Kubitschek – Biller, Videoen oder Audiodateien