Oscar Niemeyer

Vu Wikipedia
Oscar Niemeyer
Gebuertsnumm Oscar Ribeiro de Almeida Niemeyer Soares Filho
Gebuer 15. Dezember 1907
Rio de Janeiro
Gestuerwen 5. Dezember 2012
Rio de Janeiro
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Brasilien
Aktivitéit Architekt, Designer, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Politiker, Urbanist
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina

Den Oscar Ribeiro de Almeida Niemeyer Soares Filho, gebuer de 15. Dezember 1907 zu Rio de Janeiro an och do gestuerwen de 5. Dezember 2012, war e brasilianeschen Architekt. Zu senge bekanntste Wierker zielen déi ëffentlech Gebaier, déi e fir déi nei brasilianesch Haaptstad Brasília entworf huet, an déi 1987 vun der UNESCO als Weltkulturierwen erkläert goufen.

Den Niemeyer huet ufanks am Architektebüro vum Lúcio Costa geschafft, gouf spéider säin Assistent an huet an den 1940er Joren och mam Le Corbusier zesummegeschafft.

Hien huet scho fréi mat Stolbëtong geschafft a konnt sou seng geschwonge Forme realiséieren a gouf séier ee wichtege Vertrieder vum Modernismus an der Architektur.

1966, zwee Joer nodeem d'Militär a Brasilien un d'Muecht koum, ass den Niemeyer, dee Member vun der Brasilianescher Kommunistescher Partei war, an den Exil a Frankräich gaangen. An den 1970er Joren huet hien nees Coursen a Brasilie ginn, an ass 1982, nodeem et 3 Joer virdrun eng Generalamnestie gouf, nees hannescht duer wunne gaangen.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Realiséiert Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Den Oscar Niemeyer huet am Ganze méi wéi 600 Gebaier konzipéiert, déi gebaut goufen. En ettlech dovu gëllen als Ikon vun der moderner Architektur.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Oscar Niemeyer: Curves of Time. The Memoirs of Oscar Niemeyer. Phaidon Press, 2000, ISBN 0-7148-4007-6.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • Oscar Niemeyer – A vida é um sopro. Dokumentatarilm, Brasilien, 2007, 85 Min., Buch: Jacques Cheuiche, Fabiano Maciel, Regie: Fabiano Maciel, Produktioun: Sacha, ë. a. mam José Saramago, Chico Buarque, Eric Hobsbawm,
  • Mister Brasilia – Oscar Niemeyer. Dokumentarfilm, Éisräich, 2007, 30 Min., Buch a Regie: Alexander W. Rauscher, Produktioun: ORF.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oscar Niemeyer – Biller, Videoen oder Audiodateien