José Saramago

Vu Wikipedia
José Saramago
Gebuertsnumm José de Sousa Saramago
Gebuer 16. November 1922
Gestuerwen 18. Juni 2010
Lanzarote
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Journalist, Dramatiker, Iwwersetzer, Romancier, Dichter, Chronist, Essayist, Diarist, Literaturkritiker, Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Dramaturg, Revolutionär


De José Saramago, gebuer de 16. November 1922 Azinhaga, Portugal, als José de Sousa Saramago ("Saramago" war eng Zort Hausnumm) a gestuerwen den 18. Juni 2010 zu Tias op Lanzarote, war e portugisesche Romanschrëftsteller, Lyriker, Essayist, Erzieler, Dramatiker,an Dagebuchauteur. 1998 krut hien den Nobelpräis fir Literatur.

De Saramago koum aus einfache Verhältnesser an huet sech a Bibliothéike selwer an d'portugisesch Literatur eragelies. Hien huet als Journalist an Iwwersetzer geschafft, a war bis 1949 Employé bei der Sozialhëllef. No senger éischter Novelle, Terra do Pecado (1947), an enger zweeter déi net publizéiert gouf, huet hie bal 20 Joer net méi geschriwwen.

1966 koum säin éischte Gedichtsband, Os Poemas Possíveis, eraus, an 1970 säin zweeten, Provavelmente Alegria. 1967/1968 huet hie Literaturkritike geschriwwen, déi 1971 an 1973 als Bicher ënner den Titelen Deste Mundo e do Outro an A Bagagem do Viajante: crónicas publizéiert goufen.

1969 ass hien der deemools verbuedener Kommunistescher Partei vu Portugal bäigetrueden, an 1975, no der Oeillets-Revolutioun, war e Chefredakter-adjoint vum Diário de Notícias. Hien huet déi Plaz awer verluer, wéi déi biergerlech Parteien un d'Muecht koumen, an huet vun do u virun allem literaresch Wierker geschriwwen.

1980 hat en e grousse Succès mam Roman Levantado do Chão, an deem et ëm d'Liewe vun de Baueren am Alentejo geet, déi no joerhonnertelaanger Ausbeutung, zulescht no der klerikalfaschistescher Diktatur, endlech, no der Oeillets-Revolutioun eng Hoffnung haten, "vum Buedem opgestanen" (levantado do chão) kënnen ze liewen.

1982 hat e säin internationalen Duerchbroch mam blasphemesch-humoristesche Libesroman Memorial do Convento, deen am Portugal vum 18. Joerhonnert spillt. Duerno huet de Saramago verschidde Gedichter, Novellen, Romaner an Theaterstécker erausbruecht.

1991 koum säi Roman O Evangelho Segundo Jesus Cristo eraus, dee vun der kathoulescher Kierch als "blasphemesch" verdaamt gouf.

De Saramago huet eng ganz Rëtsch portugisesch an international Literaturpräisser kritt, dorënner de Prémio Camões an 1998 den Nobelpräis fir Literatur, an och Éierendoktertitele vu verschiddenen Universitéiten. De portugisesche Literaturpräis Prémio José Saramago ass no him genannt ginn.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Lyrik[änneren | Quelltext änneren]

  • Os Poemas Possíveis. Portugália Ed. 1966, Ed. Caminho, 1982
  • Provavelmente Alegria. Livros Horizonte 1970, Ed. Caminho, 1985
  • O Ano de 1993. Ed. Futura 1975, Ed. Caminho, 1987

Zäitgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • Deste Mundo e do Outro. Ed Arcádia 1971, Ed Caminho, 1985
  • A Bagagem do Viajante: crónicas. Ed. Futura 1973, Ed. Caminho, 1986
  • As Opiniões que o DL teve. Seara NovaEd. Futura, 1974
  • Os Apontamentos: crónicas política. Seara Nova, 1976, Ed. Caminho, 1990

Dagebicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Caduernos de Lanzarote I. 1994
  • Caduernos de Lanzarote II. 1995
  • Caduernos de Lanzarote III. 1996
  • Caduernos de Lanzarote IV. 1997
  • Caduernos de Lanzarote V. 1998

Reesebeschreiwungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Viagem a Portugal. Círculo de Leitores 1981, Ed. Caminho, 1984
    ((de) Die portugiesische Reise. ISBN 3-498-06350-2)

Dramen[änneren | Quelltext änneren]

  • A Noite. Ed. Caminho, 1979
    ((de) Die Nacht. ISBN 978-3-940627-00-1)
  • Que Farei Com Este Livro?. Ed. Caminho, 1980
  • A Segunda Vida de Francisco de Assis. Ed. Caminho, 1987
  • In Nomine Dei. Ed. Caminho, 1993
  • Don Giovanni ou o Dissoluto Absolvido. Ed. Caminho, 2005

Romaner an Novellen (mam Titel vun der däitscher Iwwersetzung)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: José Saramago – Biller, Videoen oder Audiodateien