Rio de Janeiro (Bundesstaat)

Vu Wikipedia
Lag

De Bundesstaat Rio de Janeiro (pt.: Estado do Rio de Janeiro) ass ee vun de Bundesstaate vu Brasilien, am Südoste vum Land.

En ass no senger Haaptstad Rio de Janeiro genannt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Rio de Janeiro huet just 43.750,4 km² an ass domat ee vun de méi klenge Staate vu Brasilien (ongeféier sou grouss wéi Dänemark). Mat 17.264.943 Awunner, geschat op de Stéchdatum vum 1. Juli 2019, ass et, no São Paulo a Minas Gerais, dee mat den drëttmeeschten Awunner. Et sinn dat der eng 365 op de km².

De Bundesstaat ass gréisstendeels biergeg, mam Pico das Agulhas Negras an der Serra da Mantiqueira (2.789 m) als héchste Punkt. Déi wichtegst Flëss sinn de Paraíba do Sul, Macaé, Muriaé, Piraí an de Rio Grande.

D'Regioun laanscht d'Küst heescht Baixada Fluminense. Si schléisst sech un d' Baixada Santista am Bundesstaat São Paulo un a bilt mat hir zesummen d'Costa Verde.

De Bundesstaat grenzt (vu Südwesten dem Auerzär no) u São Paulo, Minas Gerais an Espírito Santo, déi d'statistesch Groussregioun Região Sudeste forméieren.

D'Haaptstad a gréisst Stad ass Rio de Janeiro. Bis 1975 war hir Nopeschstad Niterói d'Haaptstad vum Bundesstaat. Déi zwou Stied sinn zanter 1974 duerch déi 14 km laang Rio-Niterói-Bréck verbonnen, déi iwwer d'Bucht vu Guanabara geet.

Aner gréisser Stied sinn Angra dos Reis, Araruama, Arraial do Cabo, Barra Mansa, Búzios, Cabo Frio, Campos, Duque de Caxias, Macaé, Mauá, Nova Friburgo, Nova Iguaçu, Paraty, Petrópolis, Rio das Ostras, São Gonçalo, Saquarema, Teresópolis a Volta Redonda.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rio de Janeiro (Bundesstaat) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]