Gust van Werveke

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Journalist Auguste ("Gust") van Werveke (1896-1976). Fir den Architekt a Moler Auguste-Léopold van Werveke (1866-1927), kuckt wgl. Auguste van Werveke.
Gust van Werveke
Gebuer 2. Oktober 1896
Gestuerwen 1. Oktober 1976
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Famill
Papp Auguste van Werveke

Den Auguste ("Gust") van Werveke, gebuer den 2. Oktober 1896 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 1. Oktober 1976, war e lëtzebuergesche Journalist.

No senger Premiére am Stater Kolléisch huet de Gust van Werveke vun 1916-1921 noeneen um Cours supérieurs Philosophie a Philologie, zu München Droit a Philologie, zu Toulouse an dann zu Stroossbuerg Droit studéiert. 1921 huet hien um Institut Philotechnique zu Bréissel Ekonomie a Kolonialwëssenschafte studéiert.[1]

Scho wärend sengem Studium huet hie Pamphleter (dorënner eent, J'accuse! an deem en anonym Däitschland Schold um Éischte Weltkrich ginn huet) an Artikelen a politesch lénksen Zeitunge geschriwwen, wéi Die Erde, Der Gegner, Der Strom, Die Aktion, oder Der Arbeiterrat.

Vun den 1920er Joren un huet hien haaptberufflech als Journalist geschafft, fir ë. a. d'Escher Tageblatt (hie gouf 1927 Chefredakter) der Der Landwirth, a Junge Welt, an huet geleeëntlech an Zäitschrëfte wéi Rappel, Meuse-Luxembourg, Echo de l'Industrie oder A-Z Luxemburger Illustrierte publizéiert, an och Chroniken um Radio gemaach.

Hien huet och literaresch Aarbechte geschriwwen, dorënner Gedichter a kënschtleresch Manifester, ma och e Roman (Paul Robert, 1927-28 a Fragmentform an de Cahiers luxembourgeois erauskomm).

Hie war de Jong vum Auguste van Werveke.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Evy Friedrich: "Ein Vollblutjournalist ging von uns". In: Revue 16.10.1976, S. 12-14.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Source vum Artikel, wou net anescht uginn: Gast Mannes, Jeff Schmitz: "Gust van Werveke"; Fiche am Autorenlexikon.lu
  2. Doudes annonce vum Gust van Werveke. Luxemburger Wort. eluxemburgensai.lu (6. Oktober 1976). Gekuckt de(n) 2023-03-07.