Tangshan

Vu Wikipedia
Lag vun Tangshan an der Provënz Hebei

Tangshan (唐山市) ass eng Industriestad am Nordoste vun der chineesescher Provënz Hebei. Si huet eng 2,5 Milliounen Awunner (2010) a wann een d'Distrikter, déi administrativ dozougehéieren, matzielt, iwwer 7 Milliounen.

Tangshan läit eng 135 km ëstlech vun der chineesescher Haaptstad Beijing.

Äerdbiewen[änneren | Quelltext änneren]

Monument zu Tianjin

Den 28. Juli 1976 gouf d'Stad vun engem Äerdbiewen mat der Magnitud MS 7,8 praktesch ganz zerstéiert. Et gëtt geschat, datt bis zu 650.000 Leit dobäi ëm d'Liewe koumen, woumat et dat Biewe mat der héchster Afferzuel am 20. Joerhonnert wier. Offziell Ziffere schwätze vun enger Afferzuel vun 242.419 Mënschen. D'Biewe war um 3:42 Lokalzäit, matzen an der Nuecht; mam Epizentrum eng 20 km südwestlech vu Tangshan. Och bei enger Rëtsch Nobiewe gouf et nach Doudesaffer. 5,3 Milliounen Haiser goufen zerstéiert oder onbewunnbar.

Nom Äerdbiewe vu Shaanxi 1556 an dem Äerdbiewe vun Haiyuan 1920 war et dat mat de meeschten Doudesaffer a China.

E Monument an en Äerdbieweninformatiounszentrum erënneren haut un dat Evenement.

Administrativ Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

  • Distrikt Lubei (路北区), 113 km², Zentrum,
  • Distrikt Caofeidian (曹妃甸区), 1943,72 km²,
  • Distrikt Fengnan (丰南区), 1.568 km²,
  • Distrikt Fengrun (丰润区), 1.334 km²,
  • Distrikt Guye (古冶区), 263 km²,
  • Distrikt Kaiping (开平区), 253 km²,
  • Distrikt Lunan (路南区), 65 km²,
  • Krees Laoting (乐亭县), 1.308 km²,
  • Krees Luan (滦县), 999 km²,
  • Krees Luannan (滦南县), 1.270 km²,
  • Krees Qianxi (迁西县), 1.439 km²,
  • Krees Yutian (玉田县), 1.165 km²,
  • Stad Qian'an (迁安市), 1.208 km²,
  • Stad Zunhua (遵化市), 1.521 km².

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tangshan – Biller, Videoen oder Audiodateien