Lost in the 80s
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2019 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Musek |
Killing Joke Rita Mitsouko Plastic Bertrand Nazz Nazz Djuju Echo & Bunnymen Lou & The Hollywood Bananas Hermann Brood Vun Tuten a Blosen |
Produzent | Paul Thiltges Distributions |
Schauspiller | |
André Jung, Luc Schiltz. Témoignagë vun: Jacques Santer, Ben Fayot, Paul Kieffer, Germaine Goetzinger, Ed Maroldt, Raymond Bisdorff, Jean Huss, Vic Reuter, Carlo Rock, Lex Roth, Gilles Wunsch, Josiane Kartheiser, Lucien Czuga, Jean-Pierre Thilges, Guy W. Stoos, Pol Hoffmann, André Kemmer, Marco Lorenzini, Danielle Grosbusch, Christian Kmiotek, Michèle Hemmer, Andy Bausch, Paul Scheuer, Benoît Entringer, ... | |
Lost in the 80s ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch.
En ass den 9. Oktober 2019 an de Kinoen ugelaf.
Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]
De Film retracéiert, unhand vun Interviewen an Dokumenter (ë. a. Zeitungsartikelen, Ausschnëtter aus Filmer an Televisiounsreportagen), an nogespillten Zeenen, anekdotesch d'Zäit vun den 1980er Joren zu Lëtzebuerg.
Thematiséiert ginn ë. a. d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Henri vu Lëtzebuerg mat der Maria Teresa Mestre, "de" Bommeleeër, d'Stolkris an de Wuesstem vun der Finazplaz, d'Katastroph vun Tschernobyl an d'Protester géint de Bau vum Atomkraaftwierk Cattenom, d'Enstoe vun der Gréng Alternativer Partei, d'Waldbëlleger Affär, de Besuch vum Poopst Jean-Paul II. zu Lëtzebuerg, den éischten Astra-Satellit, déi éischt Spillfilmer op Lëtzebuergesch, d'Entstoe vun der Kulturfabrik, d'Musek an d'Videoclippe vun deemools, d'Lëtzebuergesch als Nationalsprooch a Sprooch vu moderner Literatur, ...