Katastroph vun Tschernobyl



Tschernobyl ass eng Stad an der Ukrain, déi 1986 nach zur Sowjetunioun gehéiert huet. Tschernobyl ass doduerch an d'Schlagzeile vun der Weltpress koum, well de 26. Abrëll 1986 d'Atomkraaftwierk vun do havaréiert ass, an d'Stralen déi bei där Explosioun ausgetratt sinn zu enger Katastroph gefouert hunn, déi d'Welt deemools an Otem gehalen huet.
Wéi ass den Accident passéiert?[änneren | Quelltext änneren]
Den Accident vun Tschernobyl hat verschidden Ursaachen. Et ass fir d'éischt op de Reakter no russescher Bauart vum Typ RBMK zeréckzeféieren, ee Reaktertyp, deen dem westleche Sécherheetsstandard net entsprécht an allgemeng als geféierlech ugesi gëtt. Bei de westleche Reaktere wierkt d'Killwaasser als Moderator. Wann et verdämpt kënnt et net, wéi beim RBMK-Typ, zu enger Erhéijung vun der Reaktivitéit vum Reakter, mä seng Reaktivitéit hëlt of.
D'Bau-Konzept vum RBMK-Reaktor war, no den Experten vun engem UN-Atomenergieautoritéits-Gremium IEAO, dei primär Ursach vun der Atomkatastroph vun Tschernobyl.
Beim Bau hunn ëmmer nees Ressourcen gefeelt an fir d'Fristen anzehalen, huet missten improviséiert gin. Wéi den Energieministere zu Moskau erausfonnt huet, dass den Dach vun den Turbinnenhalen mat engem liicht entzündlechen Bitumen gedeckt gi war, huet en d'Uweisung gin, dësen ze ersetzen. Well dat Material schwéier ze beschafen war, huet de Ministere fir Tschernobyl eng Ausnam-Erlabnis ausgestallt an dat liicht entzündlechst Material konnt bleiwen. En Team vun KGB-Agenten huet eng Serie vun alarméierende Bau-Feeler gemellt.
Ausserdeem war den Tschernobyl-Reakter am Géigesaz zu de moderne Reakteren net an e Sécherheetsbehälter agebett, wat d'Explosiounsgefor erhéicht, respektiv net méi kleng gemaach huet.
Den 25. Abrëll 1986 sollt bei engem Test en Sécherheetssystem iwwerpréift gin, den de Reakter bei engem kompletten Stroumausfall soll schützen. Den Reakter hat en Noutstroum-Aggregat, mee bis dat ugespronge wär an d'Pompelen nees géife lafe, wär en eng geféierlech Zéit ouni Killung. En Mechanismus sollt des Zéit iwwerbrécken, mee wéinst Zäitdrock bei der Konstruktioun war den Mechanismus ni getest gin.
D'Experte ginn dovun aus, datt et dem Betribspersonal u Kompetenz gefeelt huet a si hir Betribsvirschrëften net agehalen haten. D'Bedienpult hat en puer honnert Schalteren, Schaltknäpp, Affichagen, Liichtercher an Warnaffichen. Ee vun dëse Schalteren war falsch agestallt, well een Schrëtt an der Bedienungsanleitung iwwersprongen gi war. Fir dëse Feeler ze iwwerspillen, hu missten anerer gemaach gin, wat den Reakter an ëmmer méi ongeplangten Situatiounen bruecht huet. Mee trotz allem ass decidéiert gin, den Test weider duerchzefeieren, bei dem dann nees net no Plang geschafft gin ass. Dëst huet derzou gefouert, dass iergendwann den Drock am Reakter ëmmer méi héisch gin ass bis et zur Explosioun koum. [1]
Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]
An der Sowjetunioun[änneren | Quelltext änneren]
Vun alle Katastrophen an nukleare Kraaftwierker hat d'Katastroph vun Tschernobyl déi schroost Konsequenzen an huet déi meescht Affer gefuerdert. Wéi vill et der waren ass nach net definitiv gekläert. D'UN-Atomenergieautoritéit IEAO gëtt d'Zuel vun den onmëttelbaren Affer, meeschtens Membere vun de Rettungsmannschaften, mat manner wéi 50 un an huet an hirem Rapport vum September 2005 d'Zuel vun deenen déi méi spéit ëmkomm sinn oder nach ëmkommen, op bis zu 4.000 Mënsche geschat. Dës Zuele géifen d'Realitéit verharmlosen, geheit Greenpeace der IEAO vir. Opgrond vun hiren Nofuerschungen, un deene 60 Experten aus der ganzer Welt bedeelegt waren, muss mat bis zu 93.000 Doudege gerechent ginn, wann och d'Folge fir déi Generatiounen déi kommen a Betruecht gezu ginn. Greenpeace weist drophin, datt eleng a Russland, der Ukrain an a Wäissrussland 270.000 Kriibskranker enregistréiert goufen.
Dausende Persounen goufen agesat fir opzeraumen an dobäi héije Stralendosen ausgesat, besonnesch déi déi direkt nom Accident do geschafft hunn. Bis 1991 waren et am Ganze 600 000 Männer a Fraen aus der ganzer Sowjetunioun, déi offiziell als Tschernobyl-Liquidateuren unerkannt gi sinn. Si kruten en speziellen Ausweis an et ass eng Klinik fir si zu Kiew opgaange, wou jiddereen behandelt sollt gin, den der Stralung ausgesat gi war. Mee well den Staat sech net sou vill potentiell Invaliden konnt leeschten, hunn d'Dokteren d'Diagnosen codéiert opgeschriwwen an just déi extreemst Fäll unerkannt.[1]
Am Fréijoer a Summer 1986 goufen 116.000 Persounen aus enger Zon vun 30 km rondrëm Tschernobyl evakuéiert, spéider nach 240.000 Persounen zousätzlech. Trotz allem sinn awer verschidde Leit nees dohin zeréckwunne komm, well si hir Uertschaft net wollte verloossen, an déi Leit déi erniere sech vun alles wat de Buedem hinnen ze bidden huet sou wéi Gromperen,asw. déi natierlech och verstraalt sinn.
An den anere Länner[änneren | Quelltext änneren]
An Europa, besonnesch an de Länner am Osten an am Norde gouf eng staark erhéicht Stralenawierkung gemooss. Déi éischt Wäerter goufen a Schweden an a Finnland gemooss a ware scho véiermol sou héich wéi normal. Schweden huet awer am Ufank näischt weider gesot, well si duechten eent vun hiren U-Booter oder eent vun hire Kärkraaftwierker wier futti. Schlussendlech goufen och a Westeuropa erhéicht Stralunge gemooss.
A ganz Europa rechent ee mat 25 000 zousätzlechen Kriibserkrankungen duerch déi Katastroph. Bei enger Bevëlkerung vun 5 Milliounen Mënschen betruechten d'Wëssenschaftler vun den Vereenten Natiounen dëst als statistesch kaum signifikant.[1]
D'Atomkraftwierk haut[änneren | Quelltext änneren]


No der Katastroph[änneren | Quelltext änneren]
Am Interessi vun der Sécherheet hunn d'europäesch Länner drop gedrängt fir, nieft dem havaréierte Block 4 och déi aner Blëck 1, 2 an 3, ofzeschalten. D'Ukrain, déi Schwieregkeete mat der Energieversuergung huet, huet sech laang dogéint gewiert. De Block 2 ass am November 1991 no engem Feier an der Turbinnenhal zougemaach ginn, Block 1 am November 1996 an de Block 3 de 15. Dezember 2000. D'Europäesch Unioun huet dat duerch Finanzhëllefen un d'Ukrain méiglech gemaach.
Sarkophagen[änneren | Quelltext änneren]
Am accidentéierte Block 4, deen mat engem séier gebauten an provisoreschen Sarkophag zoubetonéiert gouf, sinn nach Brennstief dran, a säi Kär ass nach net zur Rou komm. Well sech Rëss am onstabille Bëtongsblock bemierkbar gemaach hunn, hunn sech dréngend Moossnamen opgedrängt fir neie Katastrophe virzebauen.
E Konsortium aus 28 Länner an der ukrainescher Regierung hunn de Bau an Optrag gin. Finanzéiert gin ass den Sarkophag vun 40 Länner an vun der EU. Am Abrëll 2012 ass mam Bau vun dem neien Sarkophag ugefaangen gin, den “New Safe Confinement” heescht. Véier Joer huet den Bau gedauert. Wéinst der héijer Stralung konnt déi nei Hüls net direkt iwwer der Ruin vum Reakter gebaut gin. Déi nei Schutzhüls ass 300 Meter ewech opgeriicht an duerno op Schinnen iwwert den Reakter gedréckt gin. Den 29. November 2016 huet se hiert Ziel erreegt.
Schätzungen no huet den zweeten Sarkophag 1,8 Milliarden Euro kascht. Dëst zweet Schutzhüls ass och just provisoresch. Sie soll déi nächst 100 Joer halen.[2]
Bëschbrand[änneren | Quelltext änneren]
De 5. Abrëll 2020 hunn ukrainesch Autoritéite e Bëschbrand ronderëm Tschernobyl gemellt. Iwwer 100 Hektar Bësch hunn gebrannt an Radioaktivitéit gouf fräigesat.[3]
Russeschen Iwwerfall[änneren | Quelltext änneren]
Am Februar 2022 sinn russesch Truppen an d'Ukrain agefall an hunn och den Atomkomplex vun Tschernobyl ugegraff an besat. Beim Iwwerfall waren 120 Mataarbechter am Wierk, déi hei fir d'Sécherheet suergen. Sie konnten d'Wierk net méi verloossen an goufen net ofgeléist.
Zu Tschernobyl lageren 21.000 ofgebrannt Brennelementer, déi permanent mussen gekillt gin. Ouni Stroum keim et zu enger staarker radioaktiver Kontaminatioun. Wei de Stroum ausgefall ass, sinn Dieselaggregater agesprongen. E puer Deeg hunn d'Russen Diesel geliwwert, duerno hunn se d'Kraaftwierk un dat russescht Stroumnetz ugeschloss. Réischt no 4 Wochen waren d'Russen d'Accord, fir d'Mataarbechter auszetauschen. E puer si fräiwëlleg aus Sécherheetsgrënn bliwwen. No 44 Deeg hunn d'Russe sech aus der Géigend zréckgezunn.
Well d'Russen gezielt d'Stroumnetzwierk an der Ukrain attackéieren, huet d'Atomkraaftwierk vun Tschernobyl ëmmer nees missten mat Noutstroum versuergt gin.[4]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-Economic Impacts and Recommendations to the Governments of Belarus, the Russian Federation and Ukraine; Abrëll 2006 (PDF-Dokument)
- Igor Kostin/T. Johnson (Mitarbeit)/Übers. C. Kalscheuer: Tschornobyl - Nahaufnahme. München: Verlag Antje Kunstmann, 2006. 240 Seiten. ISBN 3-88897-435-6 (Fotoband, Reportage; Auszug, Bespreechung: in der Süddeutschen Ztg. vom 24. März 2006 (hgn) mit ca. 10 Abbi.Beispielen)
- Environmental Consequences of the Chernobyl Accident and Their Remediation: Twenty Years of Experience; Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Environment” (EGE), August 2005 (PDF-Dokument)
- World Health Organization: Health Effects of the Chernobyl Accident and Special Health Care Programms. Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Health” (EGH) April 2006, Download: [3] (PDF 1,6 MB)
- IAEA (Hrsg.): Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-economic Impacts (...). September 2005 (PDF-Dokument)
- Oda Becker, Helmut Hirsch: Tschernobyl: Sanierung des Sarkophags - Wettlauf mit der Zeit. Hamburg/Hannover: Greenpeace, 2004 (PDF-Dokument)
- H. Dederichs, E. Konoplya, P. Hill, R. Hille: Systemtische Differenzierung kontaminierter und nicht kontaminierter Nutzflächen in der Region Korma., Schriftenreihe Reaktorsicherheit und Strahlenschutz; BMU-2002-613, 2002. Bundesministerium für Umwelt, Naturschutz und Reaktorsicherheit.
- A. Bayer, A. Kaul, C. Reiners: Zehn Jahre nach Tschernobyl, eine Bilanz. München: Gustav Fischer Verlag, 1996. - ISBN 3-437-25198-8
- Karl-Heinz Karisch/Joachim Wille (Hg.): Der Tschernobyl-Schock. Zehn Jahre nach dem Super-GAU. Frankfurt am Main: Fischer Taschenbuch Verlag, 1996. - ISBN 3-596-13301-7
- Grigori Medwedew: Verbrannte Seelen - Die Katastrophe von Tschernobyl, Carl Hanser Verlag München Wien, 1991. - ISBN 3-446-16116-3
- V. M. Chernousenko: Chernobyl. Insight from the Inside. Berlin, Heidelberg, New York: Springer-Verlag, 1991. - ISBN 3-540-53698-1
- Antje Hilliges/Irina Wachidowa: Als wir Tschernobyl überlebten. - ISBN 3-453-64508-1
- Swetlana Alexijewitsch Stimmen aus Tschernobyl in: 20 Jahre Tschernobyl Themenheft Aus Politik und Zeitgeschichte Beilage zur Wochenzeitung das Parlament, 27.3.2006 (weitere Beiträge von Sahm, Jochum und Pfaffenberger, Mojib Latif, Jens Ivo Engel), online lesbar: [4]
- Zhores Medwedjew: Das Vermächtnis von Tschernobyl, Münster: Daedalus Verlag Joachim Herbst, 1991, ISBN 3-89126-030-X
- Adam Higginbotham: „Mitternacht in Tschernobyl“, S. Fischer Verlag, ISBN 978-3-10-002538-8
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Säit vun der franséischer Greenpeace
- Slide show of a visit to Chernobyl and Prypiat in April 2006 by a German TV team joint by Reserch Center Juelich
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Adam Higginbotham: „Mitternacht in Tschernobyl“, S. Fischer Verlag, ISBN 978-3-10-002538-8
- ↑ [1]
- ↑ Bei der fréierer Atomzentral vun Tschernobyl klëmmt d'Radioaktivitéit op rtl.lu
- ↑ [2]