Freddie Mercury

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Freddie Mercury
Freddie Mercury performing in New Haven, CT, November 1977.jpg
Gebuertsnumm Farrokh Bulsara, ફારોખ બલસારા Edit this on Wikidata
Pseudonym Freddie Mercury
Gebuer 5. September 1946
Gestuerwen 24. November 1991
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Singer-Songwriter, Gittarist, Pianist, Komponist, Dichter, Museksproduzent
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Freddie Mercury, mam richtegen Numm Farrokh Bulsara, gebuer de 5. September 1946 zu Stone Town, am Protektorat Zanzibar (haut Tansania), a gestuerwen de 24. November 1991 zu London, war e briteschen Auteur a Komponist vu Lidder, Sänger a Museker, deen als Sänger vun der Rockband Queen international bekannt gouf.

Mat Queen huet hien déi meescht vu senge grousse Succèse publizéiert, wéi Bohemian Rhapsody, Somebody to Love, We Are the Champions, Don't Stop Me Now oder Crazy Little Thing Called Love. Hien huet och zwéi Solo-Albumen erausbruecht: Mr. Bad Guy 1985 a Barcelona 1988, wourop en d'Titellidd mat der Sopranistin Montserrat Caballé gesongen huet.

Een Dag viru sengem Doud duerch eng Longenentzündung huet hie bekannt gemaach, datt hien Aids hätt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Freddie Mercury – Biller, Videoen oder Audiodateien