Rockin' Warriors

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Rockin' Warriors
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1998
Dauer 52 min.
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Produktiouns-
gesellschaft
Lynx Productions
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Rockin' Warriors ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch aus dem Joer 1998.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film suivéiert indianesch Rockmuseker aus den USA an hire Reservater am Arizona, wärend Concerten an der Wüst vun New Mexico, an Däitschland an zu Lëtzebuerg. Et besteet aus Interviewen an direkten Opnamen, an nogestallten Zeenen aus dem Liewe vun de portraitéierte Kënschtler. Zu deenen zielen d'Buffy Sainte-Marie, den John Trudell, de Keith Secola, de Leader vun de Wild Band of Indians (eng Grupp vu iwwer 100 Museker, déi iwwer d'ganz USA verspreet sinn), an d'Songcatchers aus Seattle.[1][2]

Filmproduktioun an Diffusioun[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf am Juli 1998 an der vum CNA organiséierter "Woch vum lëtzebuergeschen Documentaire" gewisen.[3] E gouf och op engem amerindianesche Filmfestival an den USA gewisen.[4]

Rockin' Warriors gouf och op der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[5]

De Film ass am Dezember 1999 op Kassett (VHS) op de Maart komm, als Deel vun der Rei "Films Made in Luxembourg" vum CNA. E krut eng "Aide à la distribution" am Héicht vu 600.000 Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong.[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op film-documentaire.fr
  2. De Film op worldcat.org
  3. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Säiten 192-193
  4. 4,0 4,1 Rapport d'activité du Ministère de la culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche 1999, Säiten 56, 199 an 218
  5. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193