Ariston

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Ariston
Kino Ariston Esch-Alzette, 9 rue Pierre Claude 01.jpg
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht, rue Pierre-Claude
Koordinaten 49° 29’ 27.71’’ N
      05° 58’ 35.70’’ O
Datum vum Bau 1960-1962
Proprietär Stad Esch-Uelzecht

Den Ariston zu Esch-Uelzecht ass e fréiere Kino mat um éischte Stack engem Festsall, um Eck vun der Rue Pierre-Claude an der Rue Zénon-Bernard, net wäit ewech vun der Brillplaz (Place de la Résistance).

D'Gebai ass am Gaang (Stand 2021), an e Kanner- a Jugendtheater ëmgebaut ze ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai gouf 1960 gebaut als Centre communal des Oeuvres paroissiales, an deem nieft engem Kino e Bistro, e Festsall an e Konferenzsall ze fanne waren. Seng Erëffnung gouf 1962 gefeiert.

De Kino Ariston[änneren | Quelltext änneren]

De Kino Ariston zu Esch-Uelzecht, 2006.
De Kino Ariston bannenan (2006).

Den éischte Film deen am Ariston gewise gouf, war A Nun's Story.

Mam allgemenge Réckgang vun de Kinosspectateuren an den 1970er Joere goufen Zanter 1978 bal nëmmen nach Erotik-Filmer gewisen, bis datt den Ariston 1986 zougemaach huet.

De 15. Mee 1991 huet den Utopia Group d'Exploitatioun vum Kino iwwerholl, e restauréiert souwéi d'Technik op den deemolege Stand bruecht.

Am Mee 2006 huet dann den Utopia Group opgehalen a Caramba huet en iwwerholl. Am Juni 2006 gouf de Kino komplett frëschgemaach an no enger Porte ouverte den 22. Juni goung den Ariston op Nationalfeierdag nees op.

De Kino Ariston hat dunn 223 Sëtzplazen, a war mat engem Filmprojektiounsapparat fir 35 mm-Filmer an och engem Digitalprojekter equipéiert. Den Ecran war 12 m op 5 m grouss.

De 5. Januar 2016 huet Caramba de Betrib agestallt.[1]

Enn Mäerz 2019 huet den Escher Gemengerot annoncéiert, datt d'Stad Esch d'Gebai mam Kino wéilt kafen, fir do e Kanner- a Jugendtheater dran anzeriichten. Se wéilt och e positiven Avis ofginn, fir d'Gebai als nationaalt Monument ze klasséieren, wat dann och den 20. Dezember 2019 geschitt ass[2]. De Kulturministère an déi national Denkmalschutzkommissioun géifen dann och d'Halschecht vun de Käschten, 2 bis 3 Milliounen Euro, bäisteieren.[3]

De Kanner- a Jugendtheater[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ronald Dofing: "Écran blanc." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.33, 17. August 2018, S.19.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Öffentliche Übernahme als letzte Rettung." tageblatt.lu, 9. Februar 2016.
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 19. Mee 2021).
  3. "Kanner- a Jugendtheatr soll entstoen: Stad Esch wëllt de fréiere Kino Ariston elo awer kafen." rtl.lu, 30.03.2019 06:56.