Op den Inhalt sprangen

Photo-Club Esch

Vu Wikipedia
Photo-Club Esch a.s.b.l.
Rechtsform Association sans but lucratif
Ofkierzung PCE
Zweck Fotografie
Grënnungsdatum 23. Oktober 1919
Memberen 88 (Stand Dezember 2025)
Sëtz 1 Resistenzplaz 4041 Esch-Uelzecht Lëtzebuerg
  Brillschoul (-1) 1 Resistenzplaz 4041 Esch-Uelzecht Lëtzebuerg
President Jan Guth
Vizepresident Paul Wadlé
Éierepresident Joseph (Jupp) Rinaldi
Generalsekretär Christophe Kemp
Keessjee Paul Wadlé
Member vu(n) Fédération luxembourgeoise de la photographie artistique
RCS F9778
Websäit pce.lu

De Photo-Club Esch[1] ass ee vun den eelste Veräiner zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Fotografie. Zënter den Ufanksjore louch de Fokus op der kënschtlerescher, landschaftlecher a sozialer Fotografie vun Esch-Uelzecht, wéi och dem Minett.

De Photo-Club Esch ass am Ganzen dräi Mol gegrënnt ginn. Déi éischt Kéier am Joer 1890 aus engem Zesummeschloss vu Begeeschterte fir d'Fotografie. Déi zweet Kéier huet de Veräi sech 1919 neigegrënnt. 1934 ass de Veräin dunn nach eemol am Kader vun der « Loi du 21 avril 1928, sur les associations sans but lucratif et les établissements d'utilité publique » gegrënnt ginn.

Grënnung vun 1890

[änneren | Quelltext änneren]
D'Titelsäit vum Wanterprogramm 1933 bis 1934, déi ënner anerem eng kloer Referenz op déi ursprénglech Grënnung vum Club am Joer 1890 deit.

De Photo-Club Esch ass am Joer 1890 gegrënnt ginn, an ass soumat deen eelste Fotoclub zu Lëtzebuerg.[2] Zousätzlech vun de Quellen aus der Press sinn am Veräinsarchiv eng ganz Rei weider Referenzen op d'Grënnungsjoer 1890, wéi z. B. de Wanterprogramm 1933-1934 beleet.

D'Membere vum Photo-Club Esch hunn nach 1910 zesummen als Veräi beim nationale Concours vum Photo-Club Luxembourgeois an der éischter an zweeter Divisioun participéiert, gradewéi beim Concours fir d'Schüler.[3] Véier Joer dono ass den Éischte Weltkrich ausgebrach an d'Fotograféieren ass verbuede ginn, wat deen Ament och Repercussiounen op de Veräin hat.[2]

Nodeems et dem Joseph Nicéphore Niépce 1826 zu Chalon-sur-Saône gelongen ass déi éischt Foto ze maachen an ze fixéieren ass d'Grënnungsjoer 1890 vum Photo-Club Esch ëmsou méi signifikant. Dëst heescht nämlech, datt et 64 Joer dono schonns zu engem Zesummeschloss vun Amateuren an Enthusiaste vun der Fotografie am Grand-Duché komm ass. Dëst an enger Zäit an där d'Technik vun der Fotografie nach laang net fir jiddereen accessibel war, a besonnesch net zu Esch-Uelzecht, wou zu deem Moment demographesch gesinn éischter eng Aarbechterklass dominéiert huet, déi u sech net direkt déi finanziell Mëttele gehat hätt fir op sou Gidder zeréckgräifen ze kënnen.

Neigrënnung vun 1919

[änneren | Quelltext änneren]
Éischt Säit vum Comitésbuch mat dem Bericht vun der Generalversammlung vum 23. Oktober 1919.

Knapps ee Joer nom Enn vum Éischte Weltkrich, huet de Photo-Club Esch sech den 23. Oktober 1919 dunn nach e Mol symbolesch neigegrënnt.[4][5] No véier Joer Animositéite war dësen Akt besonnesch wichteg fir endlech nees eng Phas vun der Häerzlechkeet an der Kultur anzelauden. Allem virop awer och fir nees en ënnerstëtzend Veräinsliewen opliewen ze loossen, an der jonker Generatioun Rechnung ze droen an hinnen dat néidegt Wësse vun der Fotografie ze vermëttelen, wéi och déi néideg Stäip ze si beim Neesopbau vun engem aktive Liewen ëm d'Fotografie.[5] Enn Oktober 1919 hat de Veräi schonn iwwer 80 Memberen.[6]

De Grënnungskommitee huet sech aus dem President Dr. Emile Schwall, dem Vizepresident Eugène Mousset, dem Generalsekretär Mathias Thill, dem Vizegeneralsekretär François Laurent, M. Schleich, der Joffer Zeimes, an dem Nicolas Loesch zesummegesat.

Um Owend vun der Grënnung ware 77 Memberen ageschriwwen, dovunner 5 Jofferen an 72 Hären. D'Beruffsgruppen hunn sech vun Apdikter, Architekten, Beamten, Dokteren, Gendaarmen, Handwierker, Ingenieuren, Polizisten, Professeren, Schoulmeeschter- a Léierinnen, Studenten a Wiert bis nach anerer gezunn.

D'Memberen[7] déi de Schratt fir d'Grënnung ergraff hate waren:

  • Melle Madelaine Kintzelé
  • Melle Léonie Kintzelé
  • Melle Zeimes
  • Mr Aerts
  • Mr Aerts
  • Melle Clara Lamock (Léierin)
  • Melle Virginie Lamock (Léierin)
  • Mr Sylvain Cerf
  • Mr Mathias Schaaf (Schoulmeeschter)
  • Mr Loesch (Schoulmeeschter)
  • Mr Klein (Beamten)
  • Mr Jean Kieffer (Kleriker)
  • Mr Wagner-Niclou (Schoulmeeschter)
  • Mr Krein (Wiert)
  • Mr Schmarz (Gendaarm)
  • Mr Folscheit (Gendaarm)
  • Dr Henri Origer
  • Dr Bastian
  • Mr Meyer
  • Mr Laurent
  • Mr Flammang
  • Dr Emile Schwall
  • Mr Hoffmann (Wiert)
  • Mr Koetz (Professer)
  • Mr Eugène Mousset (Professer)
  • Mr Camille Sinner
  • Mr Reis (Police Commissaire)
  • Mr René Peck
  • Mr Dauphin
  • Mr Joseph Muller
  • Mr Joseph Heiser
  • Mr Jean-Pierre Kremer
  • Mr Camille Rollinger (Apdikter)
  • Mr Max Feyder (Polizist)
  • Mr Mathias Thill (Schoulmeeschter)
  • Mr Origer (Student)
  • Mr Jean-Pierre Musquar
  • Mr Troquet
  • Mr Albert Offenheim
  • Mr Hartert
  • Mr Biermann
  • Mr Manternach (Professer)
  • Mr André Knepper
  • Mr Bernard Scheibel (Polizist)
  • Mr Chlecq (Gendaarm)
  • Mr Biermann II.
  • Mr Batty Biewer
  • Mr Kettenmeyer
  • Mr Marcel Schleich
  • Mr Schopen (Ingenieur)
  • Mr Roger (Ingenieur)
  • Mr Sinnes
  • Mr Flammang
  • Mr Nilles
  • Mr Tony Crolla
  • Mr Hammerel
  • Mr Wagner (Coiffer)
  • Mr André Origer
  • Mr Jos (Cresto) Theisen
  • Mr Hermann Landerer
  • Mr Nigra
  • Mr François Kelsen
  • Mr Eugène Lemmer
  • Mr Albert Thill (Architekt)
  • Mr Antoine Caffaro
  • Mr Sebasiten Berg
  • Mr Muller
  • Mr Wagner-Moes (Schoulmeeschter)
  • Mr Willems
  • Mr René Mattes
  • Mr Aprato (Zänndokter)
  • Mr Peffer
  • Mr Thill (Schoulmeeschter)
  • Mr Marcel Muller (Zänndokter)
  • Mr Jean-Pierre Walbillig (Zänndokter)
  • Mr Lazare Cerf
  • Mr Heinz

Veräinsgrënnung vun 1934

[änneren | Quelltext änneren]

D'Veräinsgrënnung a Form vun enger offizieller Association sans but lucratif ass op Initiativ vun 30 Memberen zeréckgaangen, déi d'Statute vum Photo-Club Esch de 26. Abrëll 1934 um Bezierksgeriicht an der Stad Lëtzebuerg deposéiert hunn.

D'Memberen[7], déi de Schratt fir dës Initiativ ergraff hate, waren:

  • François Laurent (Händler)
  • Joseph Metz (Ingenieur-Constructeur)
  • Louis Ravarani (Wierksaarbechter)
  • Jean Schaack (Privatbeamten)
  • Paul Schrantz (Wierksbeamten)
  • Robert Spoo (Industriellen)
  • Joseph Aberfeld (Wierksaarbechter)
  • Albert Achen (Chef Mineur)
  • Pierre Clees (Wierksbeamten)
  • Pierre Denter (Gemengebeamten)
  • Jean Pierre Fisch (gérant de commerce)
  • Isaac Chrétien (constructeur)
  • Jean Kirpes (Wierksbeamten)
  • François Krebs (Auermécher-Bijoutier)
  • Paul Laurent (Industriellen)
  • René Lemmer (Auermécher)
  • Louis Marnach (Installateur)
  • Lucien Metz (Auermécher)
  • Bernard Nicolay (Wiert)
  • Marcel Palgen (Wierksbeamten)
  • Michel Schroeder (Wiert)
  • Joseph Theisen (Zänndokter)
  • Joseph Thill (Maître-plafonneur)
  • Mathias Thill (Schoulmeeschter)
  • Joseph Walentiny (Architekt)
  • Alfred Blödtner (Schweesser)
  • Rodolphe Kaiser (Auermécher)
  • Pierre Kremer (Huttmaacher)
  • Jean-Baptiste List (Auermécher-Bijoutier)
  • Oscar Pfaff (Dréier)

Zu de méi faméise Membere vun dëser Initiativ gehéieren de Robert Spoo, Industriellen an Enkel vum Caspar Mathias Spoo[8], an de Joseph Nicolas Theisen[9], Zänndokter a Bouf vum Grënner vun der Escher Bibliothéik, dem Jean-Pierre Theisen.

Veräinslokal

[änneren | Quelltext änneren]

D'Veräinslokal vum Photo-Club Esch huet an der iwwer honnertjäreger Geschicht e puermol gewiesselt. Zënter 1995 ass dem Veräin säin Doheem op der Resistenzplaz ënner der Brillschoul.

Entréeë vum Veräinslokal vum Photo-Club Esch op der Resistenzplaz / Brillplaz an der Brillschoul zu Esch-Uelzecht. D'Haaptentrée ass déi riets.
Plaze vum Veräinslokal
PeriodPlaz
1920 - 1963Brillschoul
1963 - 1981Dellhéicht-Schoul
1981 - 1984Ale Lycée
1984 - 199565, Zénon Bernard Strooss
1995 - hautzedagsBrillschoul

Bekannt Memberen

[änneren | Quelltext änneren]

Zu de méi bekannte Membere vum Photo-Club Esch zielen:

Fir d'Commemoratioun vum 10. Doudesdag vum Edward Steichen, huet d'Gemeng Réiser e Concours mam Titel « Concours de photographie Edward Steichen » an dem Thema « Le Roeserbann, Land und Leben » ausgeschriwwen. 1983 huet den Yves Bassi den 1. Präis gewonnen. Den 3. an och de spezielle Präis sinn u Membere vum Photo-Club Esch gaangen.

Den Yves Bassi, genannt Bassi, war véier joerzéngtelaang Member vum Kommitee vum Photo-Club Esch, gradewéi laangjärege Vizepresident a Keessjee.

Eng besonnesch Kooperatioun gouf et tëschent dem Yves Bassi, dem Marcel Braun, an dem Jupp Rinaldi fir de Projet « Rêves et Cauchemars ». Déi dräi Fotografen hunn en dokumentarfotografesche Projet iwwert an zu Doel realiséiert, an de Photo-Club Esch soumat eemol méi op eng international Bün gehuewen.

Norbert Theis

[änneren | Quelltext änneren]

Dem Norbert Theis seng Kollektioun vun iwwert 1.500 Fotoapparaten an Accessoiren (Mëtt 19. Joerhonnert bis an d'spéit 20. Joerhonnert) sinn zum groussen Deel zanter 1992 am Bestand vum Centre national de l'audiovisuel (CNA). Vereenzelt Apparate vun der Kollektioun sinn nach am Besëtz vun dem Photo-Club Esch, wéi och der Famill.

  • 2019 - aktuell: Jan Guth
  • 2014 - 2019: Gérard (Jerry) Thiel
  • 1991 - 2014: Pitt Michl
  • 1976 - 1991: Richard Kmiotek
  • 1968 - 1976: René Van Den Bulcke
  • 1958 - 1968: Pierre Speicher
  • 1934 - 1958: Dr. Joseph Theisen
  • 1933 - 1934: François Laurent
  • 1930 - 1933: Pierre Wagner-Niclou
  • 1922 - 1930: Jos Marx
  • 1921 - 1922: François Hoffmann-Hamilius
  • 1920 - 1921: Dr. Jean-Pierre Waldbillig
  • 1919 - 1920: Dr. Emile Schwall

Éierepresidenten

[änneren | Quelltext änneren]

Salon d'auteurs

[änneren | Quelltext änneren]

De Salon d'auteurs (SA) ass déi alljärlech Ausstellung vun de Membere vum Photo-Club Esch. Den éischte Salon ass 1994 an der Galerie vum Escher Theater ofgehale ginn, an huet zanterdeem den Uert och net méi gewiesselt. Iwwert d'Jore sinn och ëmmer nees national, wéi och international Fotografen invitéiert ginn, wat dem Evenement nach méi Opmierksamkeet am breede Public bruecht huet. Op de Vernissagen eleng, waren alt bis zu iwwert 500 Leit gezielt ginn, wat de Salon d'auteur zu engem vun de gréissten Evenementer dëser Aart an der Fotografie zu Lëtzebuerg gemaach huet.

Den nationalen Erfolleg ass warscheinlech och op de Kader zeréckzeféieren deen de Salon d'auteurs senge Participanten operleet:

  • eng Serie Fotoen déi zesummenhänkend ass, a fotografesch koherent eng Geschicht (visual narrative) erzielt;
  • Wierker déi soss nach net verëffentlecht gi sinn;
  • Fotoen déi no de Prinzippie vum « fine art printing » musse gedréckt ginn.

D'Installatioune fir d'Wierker auszestelle kënnen sou minimalistesch oder komplex si wéi den Auteur et fir richteg hält, allerdéngs mussen d'Fotoe gedréckt sinn, an net exklusiv digital ausgestallt ginn. Zanter der éischter Iteratioun konnte sou méi wéi 100 verschidde Fotografen hir Wierker der Ëffentlechkeet virstellen.

Salon mondial d'art photographique

[änneren | Quelltext änneren]

De Photo-Club Esch huet weltwäit Unerkennung a Bekanntheet duerch den 1961 lancéierte Salon mondial d'art photographique (SM) kritt. E Jury aus nationalen an internationale Memberen huet d'Fotoe jugéiert an déi jeeweileg Laureaten ausgezeechent. An de 50 Joer vun dësem Salon si méi wéi 100.000 Fotoen aus der ganzer Welt op Esch-Uelzecht, geschéckt, evaluéiert, ausgestallt an nees zeréckgeschéckt ginn. 2014 huet de Salon säi 50. Jubiläum gefeiert, a war bis dato och déi lescht Iteratioun vun dësem besonneschen Evenement.

De Périodique du Photo-Club Esch, oder ofgekierzt de Périodique, ass ee Magasinn deen dräimol d'Joer vum Veräi publizéiert, an och a bestëmmten Zeitungsbutteker verkaaft gëtt. De Périodique huet vun 1980 bis 1997 « Bulletin du Photo-Club Esch » geheescht, an huet als ganz einfach, selwer op schwaarz-wäiss gedréckten a gebonne Blieder ugefaangen. Hautzedaags ass et ee vollwäertege Magasinn mat engem Editorial, enger Säit mat Neiegkeeten an dem aktuellsten Agenda, Virstellung vu Fotografen a Projeten, wéi och weideren Erklärungen zu bestëmmen Themen. De Périodique gëtt mat Reklammen, an de Verkaf a Kioske finanzéiert. Et ass e feste Bestanddeel vun der méi jonker Geschicht vum Veräin. D'Chefredaktere ware chronologesch de Gérard (Jerry) Thiel, den Yves Bassi, de Marcel Braun, de Yannick Schiltz, de Marcel Braun an de Frank Schroeder. Ënnert dem Frank Schroeder ass et eng komplett nei Ausriichtung, Form an d'Opdeelung gi fir den Inhalt nach méi iwwersiichtlech, modern an uspriechend ze formuléieren.

Galerie permanente d'art photographique

[änneren | Quelltext änneren]

D'Galerie, oder och nach Galerie permanente d'art photographique (GPAP) genannt, am Veräinslokal vum Photo-Club Esch, bitt de Memberen, wéi och Invitéen, op méi wéi 25 lafend Meter eng Ausstellungsfläch fir d'Ausstelle vun hire Fotoen an Objeten. Iwwert d'Joren hunn eng sëlleg national, wéi och renomméiert international Fotografen an der hauseegener Galerie ausgestallt.

Eng vun den erfollegräichsten Ausstellunge war « Krich a Fridden: l'ombre de la guerre - la lumière de la paix » am Oktober 2023, déi vum Marcel Braun a Karin Herz initiéiert a koordinéiert ginn ass. D'Fotografen déi zesummen ausgestallt hunn, waren:

  • déi international professionell Fotojournaliste Lyam Bourrouilhou (FR), Tyler Hicks (USA) an Evgeniy Maloletka (UA) mat Fotoen aus dem russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain ;
  • d'Membere vum Photo-Club Esch, Marcel Braun mat Fotoe vu Kierfechter a Symboler vun der Erënnerung un den Zweete Weltkrich, an de Jan Guth mat Fotoe vun de Protestaktiounen zu Lëtzebuerg géint de russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain ;
  • déi ukrainesch Fotokënschtlerin Maryna Rozhko mat Portraite vun ukrainesche Refugiéen, allem virop Kanner ;
  • an de verstuerwenen Escher Fotograf Jean-Pierre Schmitt mat Fotoen aus dem Zweete Weltkrich vun der Occupatioun zu Esch-Uelzecht.

Sämtlech Donen déi iwwert d'Period vun der Ausstellung gesammelt gi sinn, sinn un d'ASBL LUkraine gespent ginn.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum pedagogesche Projet dokumentarESCH si järlech Sette vu Postkaarten iwwer Esch-Uelzecht a Kooperatioun mat der Escher Bibliothéik, dem Lycée Bel-Val, a Graffitie vum Radio Ara verëffentlecht ginn.

  • Verschéck m'esch! – fantastESCH (2021)
  • Verschéck m'esch! – gigantESCH (2022)
  • Verschéck m'esch! – Die Welt steht Kopf! (2023)
  • Verschéck m'esch! – liewESCH (2024)
  • Verschéck m'esch! – BibliothekarESCH (2024)
  • Verschéck m'esch! – mythESCH (2025)
  • Centenaire (2021)
  • Krich a Fridden: l'ombre de la guerre - la lumière de la paix (2023)
 Commons: Photo-Club Esch – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (lb) (en) pce.lu - Internetsäit vum Photo-Club Esch

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. agedroen als „Photo Club Esch“ ënnert der Nummer F9778 am Handelsregëster (lbr.lu); déi gängeg Schreifweis aus de Statute vun 1934 ass allerdéngs weiderhi „Photo-Club Esch“ (mat Bindestréch)
  2. 1 2 Photowettbewerb am Luxemburger Wort vum 9. Oktober 1933
  3. Photo-Club Luxembourgeois an der L'Indépendance luxembourgeoise vum 12. Okt. 1910
  4. Für unsere Amateur-Photographen am Escher Tageblatt vum 17. Okt. 1919
  5. 1 2 Vereine an der Luxemburger Zeitung vum 1. Juni 1933
  6. Kleines Feuilleton - Stadtchronik am Escher Tageblatt vum 31. Okt. 1919
  7. 1 2 Archive vum Photo-Club Esch
  8. Stammbam vum Robert Spoo (luxroots.com a.s.b.l.)
  9. Stammbam vum Joseph Nicolas Theisen (luxroots.com a.s.b.l.)