Radio Ara
Radio Ara | |
---|---|
Radio Ara ass e Radiossender zu Lëtzebuerg, deen zanter dem 6. Dezember 1992 vum Atelier Radio Alter Echos op de Frequenzen 102,9 an 105,2 MHz ausgestraalt gëtt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Virgängersender vum Radio Ara war de Radio Grénge Fluesfénkelchen, deen 1981 vun e puer lëtzebuergesche Veräiner an Eenzelpersoune gegrënnt gouf. Well zu där Zäit zu Lëtzebuerg d'Frequenzen nach net liberaliséiert waren huet de Sender vun Arel aus gesent. Déi éischt lëtzebuergesch Sendunge konnt ee mëttwochs owes vun 20:15 bis 22:30 héieren.
De 14. Mäerz 1986 huet de Sender Arel verlooss fir zu Lëtzebuerg de Sender RadAU ze grënnen. De Studio war deemools zu Zolwer. 1987 huet déi lëtzebuergesch Regierung probéiert déi illegal Senderen zouzemaachen (net nëmmen de Sender RadAU), wat awer net gelongen ass. Dowéinst huet d'Regierung am Joer 1992 de konträre Wee ageschloen an der Zeen vun de Piratesender d'Méiglechkeet gi legal ze senden, andeems se nei Radiosfrequenzen verginn huet. Schonn den 18. Mee krut de Radio ARA, deen aus dem Radio RadAU entstanen ass, d'Lizenz fir ze Senden. Den 21. Juli 1992 krut en zwou vun de fënnef Frequenzen déi zur Dispositioun stoungen (103,3 an 102,2 MHz). Déi aner Frequenze krut de Radio Latina, den DNR an den Eldoradio zougedeelt.
Den Haaptsender vum Radio steet haut zu Lëtzebuerg um Kierchbierg op engem Héichhaus. Ausserdeem sinn nach e puer Relais-Statiounen iwwer d'Land verdeelt. De Radio benotzt hautdesdaags d'Frequenz 102,9 MHz an deene meeschte Géigende vum Land. Nëmmen am Beräich vun der Nordstad an zu Iechternach bleift nach d'Frequenz 105,2 MHz.[1] Am Süde gëtt d'Frequenz 87,8 benotzt.
De Studio war ufanks an der Stad an der Fleeschiergaass. De 15. Juli 2015 gouf en neie Studio niewent de renovéierte Rotonden a Betrib geholl.[1]
Den 22. September 2012 war an der Escher Kulturfabrik eng Gebuertsdagsfeier fir 20 Joer Radio Ara.[2]
Struktur
[änneren | Quelltext änneren]Atelier Radio Alter Echos ass en Zesummeschloss vu ronn 20 alternativen Associatiounen, wéi der ASTM, dem Mouvement écologique, dem Folk-Clupp Lëtzebuerg, dem Jazz Club an Eenzelpersounen, dorënner de Robert Garcia.
Programm
[änneren | Quelltext änneren]No senger eegener Definitioun bitt Radio Ara en alternativen, multikulturellen a participative Radiosprogramm a verschidde Sproochen.
Am Joer 2000 gouf en anglophone Mueresprogramm ënner dem Numm ARACityradio agefouert.
Zanter 1992 huet d'Associatioun 'Graffiti d'Jugendsendungen um Radio ARA' d'Charge fir de Jugendprogramm, méindes bis freides vun 14:00 bis 17:00. Säit 2004 gëtt et eng Konventioun mam Familljeministère, déi et Graffiti erlaabt huet, zwou Sozialpedagoginnen anzestellen, déi déi Jugendlech betreien.[3]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 4.900 Leit iwwer 12 Joer Radio Ara gelauschtert.[4]
Den komplette Radiosprogramm fennt een op der Website vum Radio ARA
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Websäit vu Radio Ara (och Livestream)
- Offiziell Websäit vu Graffiti de Jugendsendungen um Radio ARA
- Offiziell Websäit vum AraCityradio (och Livestream)
- Offiziellen Zäitplang vum Radio ARA
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Radio ARA... und ARACity- Radio sind umgezogen Luxemburger Wort vum 18. Juni 2015, S. 26
- ↑ Radio Ara zanter 20 Joer op Sendung
- ↑ Graffiti asbl: Pädagogisches Konzept Archivéiert de(n) 13.11.2012. Gekuckt de(n) 04.11.2012.
- ↑ Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.