Diskussioun:Ariston

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwer d'Sëtzzuel: Hale mär eis hei dru wéi de Geck un de Bengel? Meng Zuel ass vun der Websäit vu Caramba, an ech gesi kee Grond, fir déi Zuel unzezweifelen. Wann eis IP sech mat enger anerer Zuel drunhält, da wier et nawell intressant, fir eis hir Quell unzeginn, amplaz op eng autistesch Manéier ouni Kommentar d'Sëtzzuel z'änneren. --Cornischong 05:29, 12 Juli 2006 (UTC)

D'Sëtzzuel vun Kino Ariston ass 232! Dierft dat elo kloer sinn? Hei hält wierklech ee sech drun. --Cornischong 14:28, 14 August 2006 (UTC)

D'Setzzuel ass 223, kanns Dech selwer iwwerzeegen kommen an den Ariston, so jhust Bescheed dass du d'Cornischong bass! -blackdog78

Aus Jux hunn ech d'Foto déi hei den Artikel "Ariston" illustréiert ënnert d'Loupe geholl an hunn op där Foto 223 Sëtzer gezielt: 29 lénks, 165 an der Mëtt an 29 riets. Op der Websäit vu Caramba war haut den 3. September 2008 um 17.30 Auer "Capacité 223" ze liesen.
Et ass gutt méiglech dat de Responsabelen vun der Caramba-Websäit sech virdrun eng Kéier op der Tastatur vertippt hat andeems hien "232" aplaz vun "223" aginn huet.--Fliedermaus 15:40, 3. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]