Wilhelm von Preußen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Wilhelm von Preußen
Wilhelm, German Crown Prince (1882–1951).jpg
Gebuer 6. Mee 1882
Potsdam
Gestuerwen 20. Juli 1951
Hechingen
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Friedrich-Wilhelms-Universitéit
Aktivitéit Offizéier, Politiker
Famill
Papp Wilhelm II. vun Däitschland
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Am August 1914, virun der Groussgaassschoul zu Esch-Uelzecht: De Commandant Darche iwwergëtt dem Krounprënz Wilhelm d'Festung Lonkech.

De Friedrich Wilhelm Victor August Ernst, Kronprinz des Deutschen Reiches und von Preußen, vun 1919 u Wilhelm Prinz von Preußen, gebuer de 6. Mee 1882 am Marmerpalais zu Potsdam, a gestuerwen den 20. Juli 1951 zu Hechingen, war, soulaang säi Papp, de Wilhelm II., Keeser vum Däitsche Keeserräich war, dat heescht vun 1888 bis zum Ofschafe vun der Monarchie an der Novemberrevolutioun vun 1918, Krounprënz vu Preisen a vum Däitsche Keeserräich. Wéi säi Papp Wilhelm II. 1941 gestuerwen ass, gouf hie Chef vum Haus Hohenzollern.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wilhelm war den éischte Jong vum preisesche Prënz Friedrich Wilhelm, deen am Dräikeeserjoer 1888 als Wilhelm II. däitsche Keeser gouf, a vun der Auguste Viktoria von Schleswig-Holstein-Sonderburg-Augustenburg. Hien huet vun 1901 bis 1903 op der Universitéit Bonn Staats- a Verwaltungsrecht an Droit studéiert. 1905 huet hie sech mat der Cecilie vu Mecklenburg-Schwerin bestuet.[1]

Am Éischte Weltkrich war hien nominell Kommandant vun der 5. Arméi, ë. a. an der Schluecht vu Verdun. D'Soen haten iwwerdeems, op Uerder vu sengem Papp, d'Cheffe vum Etat-major, de Generol Konstantin Schmidt von Knobelsdorf an no 1916 de Walther Freiherr von Lüttwitz.

Am Muechtkampf, deen ëm 1917 tëscht der Militärspëtzt ronderëm de Paul von Hindenburg an den Erich Ludendorff engersäits, an der Räichsregierung anerersäits ausgebrach war, huet hie sech op d'Säit vum Militär gestallt, an domat d'Regierung, an d'Positioun vu sengem Papp, geschwächt.

No der Novemberrevolution 1918 ass hie wéi säi Papp an den Exil an Holland gaangen, wou en op der Insel Wieringen am Paschtoueschhaus ënnerkoum. 1923 goung en zréck an Däitschland.[2] Kuerz drop ass e mat der Famill an d'Schlass Oels an Nidderschlesie wunne gaangen. Iwwerdeems stoung et schlecht ëm säi Stot; hien hat en ettlech Affären a seng Fra huet gedronk.

1930 gouf de Wilhelm Member vum Stahlhelm am Hoffes, d'Monarchie géif nees agefouert ginn, an den Hitler huet bis 1933 déi Ambitioune fir sech ausgenotzt, fir seng Ënnerstëtzung ze kréien, a senge politesche Géigner ze schueden.

Nodeems d'Nazien un d'Muecht koumen, gouf de Wilhelm Member vun der Motor-SA déi 1934 en Deel vum Nationalsozialistische Kraftfahrkorps (NSKK) gouf.[3]

De Wilhelm bei engem Defilé vun der SA am Oktober 1933

Hien huet ëffentlech d'Regierung gelueft a verdeedegt, ma de Goebbels huet an him just ee gesinn dee probéiert, sech bäizeschmieren.[4][5]

No der Nacht der Langen Messer, (29. Juni 1934) huet de Wilhelm agesinn, datt e besser hätt, sech kleng ze halen, wat hien a seng Famill dann och gemaach hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wilhelm von Preußen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. '"Die Trauung". In: Vossische Zeitung, 7. Juni 1905, S. 14.
  2. "Die Rückkehr des Kronprinzen"; Akten der Reichskanzlei im Bundesarchiv).
  3. Friedrich Wilhelm Prinz von Preußen: Das Haus Hohenzollern 1918–1945. S. 208.
  4. Stephan Malinowski: Der braune Kronprinz, DIE ZEIT, Nr. 33 vom 13. August 2015.
  5. Joseph Goebbels. Tagebücher 1924–1945. In fünf Bänden. Eine Auswahl. Hrsg. Ralf Georg Reuth, Piper, München 1992, ISBN 3-492-21410-X. Bd. 2, S. 762.