Paul von Hindenburg

Vu Wikipedia
Paul von Hindenburg
Gebuertsnumm Paul Ludwig Hans Anton von Beneckendorff und von Hindenburg
Gebuer 2. Oktober 1847
Gestuerwen 2. August 1934
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Däitschland, Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Politiker, Militär, Zaldot
Partei keng
Famill
Kanner Oskar von Hindenburg

De Paul Ludwig Hans Anton von Beneckendorff und von Hindenburg, gebuer den 2. Oktober 1847 zu Posen a gestuerwen den 2. August 1934 am Gut Neudeck an Ostpreisen, war en däitsche Militär (Generolfeldmarschall) a Politiker.

Am Éischte Weltkrich stoung hie vun 1916 bis 1919 un der Spëtzt vun der Oberste Heeresleitung an huet de facto sou op eng quasi diktatoresch Manéier d'Regierungsgewalt ausgeübt.

Den Hindenburg gouf 1925 zum zweete Reichspresident vun der Weimarer Republik gewielt, an 1932 erëmgewielt. Den 30. Januar 1933 huet hien den Adolf Hitler zum Reichskanzler ernannt.

Seng Roll gëtt vun der Geschichtsschreiwung ambivalent beuerteelt: Engersäits gouf hien als eng charismatesche Heldefigur aus dem Éischte Weltkrich veréiert a war dee vum Vollek gewielte President vun der Weimarer Republik, anerersäits war hien ee vun den Initiatore vun der sougenannter Dolchstoßlegende (nämlech, datt d'Politik duerch d'Kapitulatioun am Éischte Weltkrich dem Militär 'an de Réck gefall' wier, dat soss gewonnen hätt) a war deejénegen, deen duerch d'Ernennung vum Hitler zum Reichskanzler mat bäigedroen huet, d'Republik ofzeschafen an der Nazi-Diktatur de Wee ze bereeden.

Nom Hindenburg goufen eng jett Stroossen, Plazen, a soss Saache genannt, notamment d'Loftschëff LZ 129 Hindenburg, dat 1937 zu Lakehurst verongléckt ass.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Hindenburg, Paul von: Aus meinem Leben Hirzel, Leipzig 1920.
  • Briefe, Reden, Berichte. Herausgegeben und eingeleitet von Fritz Endres. Langewiesche-Brandt, Ebenhausen 1934.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andreas Dorpalen: Hindenburg in der Geschichte der Weimarer Republik. Leber, Frankfurt am Main 1966.
  • John Wheeler-Bennett: Der hölzerne Titan. Paul von Hindenburg. Wunderlich, Tübingen 1969.
  • Werner Maser: Hindenburg. Eine politische Biographie. Moewig, Rastatt 1989, ISBN 3-8118-1118-5.
  • Walter Rauscher: Hindenburg. Feldmarschall und Reichspräsident. Ueberreuter, Wien 1997, ISBN 3-8000-3657-6.
  • Jesko von Hoegen: Der Held von Tannenberg. Genese und Funktion des Hindenburg-Mythos (1914–1934.) Böhlau, Köln 2007, ISBN 978-3-412-17006-6.
  • Wolfram Pyta: Hindenburg. Herrschaft zwischen Hohenzollern und Hitler. Siedler, München, 2007, ISBN 978-3-88680-865-6.
  • Anna von der Goltz: Hindenburg. Power, Myth, and the Rise of the Nazis. Oxford University Press, Oxford 2009, ISBN 978-0-19-957032-4 (Oxford Historical Monographs).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul von Hindenburg – Biller, Videoen oder Audiodateien