Interkommunal Syndikater zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gemengesyndikat)

En Interkommunale Syndikat oder Gemengesyndikat ass en Etablissement vun ëffentlechem Recht fir d'Zesummenaarbecht vu Gemengen, dat Gemengen zesummeschléisst fir gemeinsam Wierker oder Intressen ze realiséieren.

Gesetz[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz vum 14. Februar 1900 iwwer d'Gemengesyndikater gesäit a sengem éischten Artikel d'Aféiere vu Gemengesyndikater vir, fir datt déi gemeinsam Wierker kënne realiséieren.

Dës Syndikater gi gegrënnt op Virschlag vun de betraffene Gemengeréit a ginn dann ugeholl duerch en Arrêté Grand-ducal op Avis vum Staatsrot.

D'Verwaltung vu sou engem Syndikat gëtt vun engem Comité gemaach an deem normalerweis all ugeschlosse Gemeng duerch een oder méi Delegéierte representéiert ass.

Dës Delegéiert gi vum Gemengerot ernannt a ginn ënner de Membere vum Gemengerot erausgesicht.

Am Prinzip gëtt d'Comptabilitéit vun de Syndikater no de selwechte Reegele gefouert wéi déi vun de Gemengen.

Den zoustännege Minister kann awer och, op Ufro hin, de Syndikater erlaben hir Comptabilitéit no de Reegele vun der Comptabilitéit vun de Geschäftsbetriber ze féieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW