Biergbau zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Biergmann fréier

Wa vu Biergbau zu Lëtzebuerg rieds geet, dann ass am Fong den Ofbau vun Eisenäerzen, der sougenannter Minett, gemengt. De Biergbau, Ofbau iwwer Dag an a Galerien, hat e ganzt Joerhonnert laang zu Lëtzebuerg eng grouss wirtschaftspolitesch Bedeitung, an zwar vun der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert un, besonnesch nodeem d'modern Technik et méiglech gemaach hat, fir déi oolithesch Äerzer, wéi se an eisem Raum virkommen, fir d'Eisen- an d'Stolproduktioun notzbar ze maachen. Dës Eisenäerzer waren zwar fréier zu de Réimerzäite scho bekannt, mä d'technesch Méiglechkeeten hunn nach gefeelt, fir se ze verschaffen.

Ausser dem Eisenäerz-Biergbau sollten och nach d'Steebréch, d'Schifergrouwen, d'Géisdrëffer Antimongrouf, d'Bläiminn vun Allerbuer, d'Walfer Gipsgrouwen an d'Koffergrouf bei Stolzebuerg ernimmt ginn, och wann de Kofferofbau bei eis ni eng grouss Bedeitung kritt huet.

Entwécklung vun der Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

Aus dëser Graphik vum STATEC geet ervir, datt den Ofbau vu Minettssteng vu Joer zu Joer staark variéiert huet an datt no enger Héchstproduktioun vu ronn 8 Milliounen Tonnen an de fofzeger Joren den Ofbau staark zeréckgaangen ass, haaptsächlech vun 1960 un. D'Wirtschaftlechkeet vun eiser Minett war nämlech am Verglach zu den Eisenäerzvirkomme vum Bassin de Briey a vu Skandinavien oder vu Brasilien ëmmer relativ schwaach (25-32 %) an hat en héije Phosphorgehalt. Ze berücksichtigen ass och datt den Eisenäerzofbau opgrond vun de ville Privatminièren déi net un d'Sidérurgie gebonne waren, staark exportofhängeg waren an d'schlecht Zäiten an eisen Noopeschlänner ze spiere kruten.

Exportéiert gouf d'Minett joerzéngtelaang no Däitschland, an d'Saarland, no Frankräich an an d'Belsch. Dës Exporter sinn a munneche Jore bal ganz ausgefall. Dat wëllt och heechen, datt d'Zuel vun de Biergaarbechter massiv erop- an erofgaangen ass. Dës Entwécklung konnt allerdéngs doduerch opgefaange ginn, datt de Biergbau vill Friemaarbechter, haaptsächlech aus dem Mëttelmierraum, beschäftegt huet, an datt hir Zuel an de more Jore gewëssermoossen d'Roll vun engem Volant gespillt huet.

Kuerz am Laf vun de spéideren 1960er an 1970er Joren huet den Äerzofbau zu Lëtzebuerg seng Chancë verluer, an 1981 ass, mat der Minière Thillebierg zu Déifferdeng, déi lescht Minière zu Lëtzebuerg zougemaach ginn. Haut erënnert nëmme méi d'Feier vun der helleger Bäerbel (Bäerbelendag), der Patréinesch vun de Biergaarbechter, wéi och de Minne-Musée zu Rëmeleng, un déi grouss Zäit vum Lëtzebuerger Biergbau.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie: Les conditions naturelles et sociales, La production primaire. Éditions Beffort, Luxembourg, 1948
  • Marcel Klein: Nationale Minnemuséium zou Rëmëléng. 1985 Dréckerei St Paul Lëtzebuerg
  • Norbert Quintus: D'Aarbecht an de Galerien. 1988 Dréckerei St. Paul Lëtzebuerg
  • Fernand Lorang: Bergbauliche Geschichtsblätter. 1999 Dréckerei St. Paul Lëtzebuerg
  • Francis Bernard: Thema Bergbau in Kunst, Literatur, Film und Musik in Luxembourg - Ein Verzeichnis. 2002 Éd. Kremer-Müller
  • Willy Allamano: Dem Biergmann seng Luuchten. 2005 Dréckerei Polyprint
  • Willy Allamano: Die Drahtseilbahnen im Großherzogtum Luxemburg und Lothringen. 2008 Dréckerei Polyprint ISBN 978-2-87996-668-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Biergbau zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien