Op den Inhalt sprangen

Walfer Gipsgrouwen

Vu Wikipedia
Entrée vun der Gipsgrouf um Enn vun der Rue Prince Henri.
E Buggi mat Gipssteng als Erënnerung un d'Grouwenaktivitéit.

D'Walfer Gipsgrouwe si Galerien ënner dem Buedem, an der Gemeng Walfer, wou fréier Gips ofgebaut gouf.

Et ass net bekannt, wéini mam Ofbau vum Gips ugefaange ginn ass. Et ass gutt méiglech, datt d'Réimer, déi am Uelzechtdall gewunnt hunn, Gips vun do gebraucht hunn, fir hir Haiser ze bauen.[1]

1869 koum d'Famill Irthum an de Besëtz vun den Terraine mat Gips-Gisementer zu Heeschdref a Walfer. Se hunn ugefaangen, de Gips industriell ofbauen ze loossen, fir d'éischt am Tagebau. De Jean-Baptiste Kintzelé huet dunn d'Terraine fir 1500 Frang d'Joer gepacht, an huet zu Heeschdref deen éischte Schacht uleeë gelooss. Méi spéit gouf ënner dem Sonnebierg e Stolle gegruewe fir den Ofbau vum Gips. Et gouf zwou Entréeën dovun: eng an der haiteger Mercatoris-Strooss, déi fréier Gipswee genannt gouf, an eng um Wupp vun der Prince-Henri-Strooss (cf. Foto).

Um Enn haten d'Grouwen eng Längt vun am Ganze 16 km vun deenen der 12 mat Schinnen ekipéiert waren. An der Mercatoris-Strooss goufen d'Buggie mat Gipssteng vu Mënschekraaft beweegt, um Sonnebierg koum eng Dampmaschinn zum Asaz. Am Ganze ware ronn 25 Leit zu Walfer an zu Heeschdref beschäftegt.

1906 gouf en Uschloss un d'Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Dikrech geluecht, ewell konnt de Gips international verkaaft ginn. D'Belsch a Frankräich goufen déi wichtegst Clienten. D'Grouwen haten hir beschten Zäit an den 1930er Joren an nom Zweete Weltkrich. Ënner dem Mathias Irthum gouf de Betrib moderniséiert; duerch den Asaz vu Maschinne goufe manner Leit gebraucht.

1989 hunn d'Grouwen definitiv zougemaach. De Lëtzebuerger Staat huet d'Terrainen opkaaft a se zum Naturschutzgebitt Sonnebierg deklaréiert.[2]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturschutzgebitt Sonnebierg.

Och zu Bäreldeng, op der anerer Säit vun der Uelzecht, gouf Gips iwwer an ënner dem Buedem ofgebaut. Vill Hiwwelen an der Géigend sinn duerch d'Gestengs vum Ofbau entstanen, an den dréchene Kallekbuedem ass mat Kiferbëscher bewuess ginn. Déi fréier Gleisweeër vun de Buggie sinn haut Wanderweeër. Een Trëppeltour mat Explikatiounen zum Theema Gips gouf ugeluecht.[3]

Seismologesch Ënnersichungen

[änneren | Quelltext änneren]

An engem Deel vun der Minn ass de Miesslaboratoire vum European Center for Geodynamics and Seismology vun der Uni Lëtzebuerg installéiert. Do steet ee vu weltwäit 40 Absolutgravimeteren.[4],[5]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Seismologesche Laboratoire zu Walfer.

Gipsmillen a Gipsgrouf Walfer op industrie.lu

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Die Gipsminen von Walferdingen, Gemeinde Walferdingen
  2. Kauffmann, Roland. „Sonnebierg, oder der natürliche Reichtum“. In: Walferdingen: Geschichte, Kultur, Natur, hg. von Joseph Bour, 226, Walferdingen 1993.
  3. Infoflyer iwwer de Gipswee
  4. Internationales Stelldichein der Absolutgravimeter in Walferdingen, op uni.lu
  5. Website vum ECGS