Koffergrouf vu Stolzebuerg

Vu Wikipedia
De Koffergrouwemusée op der Haaptstrooss zu Stolzebuerg (2015)

D'Koffergrouf vu Stolzebuerg war eng Minière, an där bis 1944 Koffer ofgebaut gouf. Si läit annerhallwe km nordwestlech vu Stolzebuerg, am Dall vun der Klangbaach, ënner dem Goldbierg, a kann zanter 2000 nees deelweis besicht ginn.

Si geet, op 12 Stäck, bis zu 169 m ënner de Buedem. Déi längst Galerie, um 9. Stack, ass 400 m laang.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Entrée fir d'Visite Guidée

Warscheinlech hate schonn zu der Zäit vun de Kelten a vun de Réimer d'Leit Koffervirkommen do entdeckt an ofgebaut. Déi éischt schrëftlech Mentioun vun der Grouf ass vu 1717 a geet ëm d'Konzessioun vun Ofbaurechter. Bis zum Enn vum 18. Joerhonnert huet d'Grouf e puermol hire Proprietär gewiesselt.
Déi éischt begleewegt Konzessioun gouf 1749 dem Franz Eduard Anton, Freiherr von Stolzemburg, zougesprach. No deem sengem Doud, 1755, war d'Grouf fir 9 Joer ausser Betrib. Da krut e gewëssen Thilman Steyer vun Tréier, d'Exploitatiounsrecht. Aus finanzielle Grënn, huet hie sech mam Antoine Pescatore aus der Stad associéiert. Vu 1768 bis 1773 war den Antoine Pescatore eenzege Konzessionär. Duerno louch d'Grouf erëm wärend Jore brooch. Wärend der franséischer Okkupatioun vu Lëtzebuerg hunn d'Bridder Guérain vu Lille an e gewëssene Vanderbrück en neien Ulaf geholl awer ouni Succès.

Am 19. Joerhonnert, ënner hollännescher Regierung, gouf den Ofbau verstäerkt nees opgeholl (1820-25).

Vun 1853 un huet sech de Joseph Francotte drëm beméit, mam Ofbau nees weiderzefueren. Hien huet an der Ëmgéigend no weidere Kofferäerz-Odere gesicht, mat aneren eng Gesellschaft, d'Société des Mines de Stolzembourg, gegrënnt an d'Gruefrechter op engem Areal vun iwwer 2000 Hektar kritt, dat d'Nopeschgemenge mat ëmfaasst huet.

Bis 1864 goung d'Grouf 58 m déif, an eng 800 m Galerie waren am Ganze gegruewe ginn. An deem Joer huet d'Gesellschaft hire Betrib agestallt, well d'Onkäschten de Verkafspräis vun 20 Tonnen am Joer iwwertraff hunn.

An der Koffergrouf

Vun 1882 bis 1886 goung déi éischt Phas vun industrieller Exploitatioun un: Dampmaschinne koumen an den Asaz, déi et erméiglecht hunn, d'Galerië bis zu 550 m laang ze gruewen a bis op eng Déift vun 210 m iwwer dem Mier ze gruewen. Tëscht 1901 an 1913 hunn alt nees nei Besëtzer de Stollen a Stand gesat a bis op eng Déift vun 161 m i. d. M. (d. h. bis op den 9. Stack) vergréissert.

1938 bis 1943 ass den Zougangswee sou breet gemaach ginn, datt ee konnt mat Camionen dohi fueren (virdru sinn d'Äerzer fir d'éischt mat flaache Schëffer, duerno mat Karen an Teimeren an den Dall transportéiert ginn).

Elektresch Pompelen, déi et erméiglecht hunn, bis op 127 m i.d.M déif kënnen ze gruewen, sinn zum Asaz komm.

Obwuel alt bis zu 5000 Tonne Kofferäerz am Joer ofgebaut goufen, war d'Grouf ni richteg rentabel: Den Haaptgrond war, datt d'Äerzer hu misse bis an d'Ruhr oder bis a Groussbritannien transportéiert ginn, wou Schmelze waren. Sou ass et net verwonnerlech, datt s'ëmmer nees hire Proprietär gewiesselt huet, wann dësen d'Hoffnung op räich Äerzlager opginn hat.

Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich gouf de Koffer fir déi däitsch Rüstungsindustrie ofgebaut, mä d'Ardennenoffensiv huet deem 1944 definitiv en Enn gesat.

Fofzeg Joer laang war d'Grouf verlooss an huet sech, well keng Pompele méi funktionéiert hunn, mat Waasser gefëllt.

Ëm d'Joer 2000 goufen déi iewescht 3 Stäck eidel gepompelt a fir Visitten amenagéiert, déi vun 2006 u vum Koffergrouwemusée aus gemaach ginn.

Den 1. Juni 2018 gouf d'Koffegrouf als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Statistesches[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun 2006 hu 4.108 Leit d'Grouf besicht. Déi meescht vun hinnen (2.142) waren Hollänner.

Vun Ufank u bis Enn 2006 waren et am Ganzen 19.912 Leit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Simon Philippo, Isabelle Hoffmann, Alain Faber, Guy Heinen, Jos Schoellen, Nico Schroeder, Blom Luc & Steve Bornain, 2007. La minéralisation en cuivre de Stolzembourg. In: Simon Philippo (éditeur): Inventaire minéralogique du Luxembourg: Stolzembourg, Schimpach, Goesdorf. Ferrantia 49, Luxembourg. pdf

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Koffergrouf vu Stolzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).