Paterskierch Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paterkierch Esch-Uelzecht)
Paterskierch
Esch-Uelzecht
D'Kierch St. Henri
D'Kierch St. Henri
Uertschaft / Plaz Esch-Uelzecht
Par Par Esch-Uelzecht
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Henri
Konsekratioun 1923
Architekt(en) H. Gross
Baujoer 1922-1923
Koordinaten 49° 30’ 02.5’’ N
      05° 58’ 30.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch St. Henri vun Esch-Uelzecht, am Volleksmond Paterskierch genannt, ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.

D'Kierch steet am Quartier "Bruch" op der Franziskanerplaz, déi vun der rue de Belvaux, der rue des Franciscains, der rue Michel-Rodange an der rue Saint-Henri ëmginn ass. Den Haaptagank vun der Kierch ass an der rue Saint-Henri.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Henri, deem säi Fest den 13. Juli gefeiert gëtt.

Zur fréierer Par Esch St. Henri gehéiert ausser der Paterskierch och nach d'Kapell am Quartier Raemerech.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Zäit vun de Pateren[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1921 kruten d'Franziskanerpatere vu Metz op Wonsch vum Bëschof Pierre Nommesch den Opdrag, an der Noperschaft vun der Terres-Rouges-Schmelz eng nei Par mat enger Kierch opzebauen.[1]

De Grondstee vun der Kierch gouf den 31. Juli 1922 geluecht. Den Terrain huet der Terres-Rouges-Gesellschaft gehéiert, déi och de Bau bezuelt huet, deen ëmgi war vun Aarbechterwunnechten, Kolonie genannt. Den Architekt war den H. Gross, Architekt vun "Terres-Rouges". Dreiwend Kraaft vum Bau war den Henri Coqueugnot, Generaldirekter op der Schmelz. Déi Escher Entrepreneren Lefèvre a Ruckert hunn de Bau realiséiert. Zur Erënnerung un den Henri Schneider aus dem Creusot gouf d'Kierch den hellegen Henri geweit. Fir 100 Joer gouf d'Kierch de Pateren verlount.[2]

Zesumme mat der Kierch hunn d'Pateren och e Klouschter gebaut, dat mam Kierchegbai verbonne war. Den 23. August 1923 hu sech d'Franziskanerpateren zu Esch niddergelooss. Den 30. Oktober 1928 huet de Bëschof Nommesch d'Par Saint Henri gegrënnt. Den éischte Paschtouer war de Pater Raphael Leguil (gestuerwen de 26. Mäerz 1936), dee gläichzäiteg och Oberer vun der Franziskanergemeinschaft war. Déi éischt Kapléin waren d'Pateren André Dier an Alois Lenninger. Si waren zoustänneg fir d'Pastoral vun de Schmelzaarbechter. De 14. Oktober 1923 goufen déi zwou Klacken "Franziskus" a " Barbara" geweit, déi vun den "Terres-Rouges" gestëft goufen. Den 28. Oktober 1923 war d'Konsekratioun vun der Paterskierch a Presenz vum Bëschof Nommesch, dem Staatsminister Émile Reuter, dem Nuntius Mgr. Micara an dem Prënz Felix. Bei der Konsekratioun goufen d'Reliquië vun der hl. Generosa an dem hl. Generosus am Altor agebaut.[3] Déi nei Kierch hat deemools nach kee separaten Tuerm, nëmmen en Daachreider. De 27. Oktober 1929 gouf d'Franziskusheem ageweit, dat um Terrain vun der Schmelz vum Klouschter an der Par gebaut gouf. Den 29. September 1934 gouf de Foyer St. Elisabeth ageweit. Den Tuerm gouf eréischt an de Joren 1935-36 op der Westsäit un d'Kiercheschëff ugebaut. De Grondstee vum Tuerm gouf de 14. Juli 1935 vum Mgr. Joseph Philippe geluecht an d'Tuermkräiz sou wéi d'Staute vum hl. Henri an dem hl. Franziskus goufen den 2. August 1936 ageweit. Déi véier Klacke vum Haapttuerm goufen de 14. Mäerz 1937 geweit.

Den 30. September 1928 gouf déi nei Kierch zum Sëtz vun enger bëscheeflecher Par erkläert, den 23. Dezember 1952 gouf se och staatlech unerkannt.

Nom Zweete Weltkrich gouf d'Uergel vun der Firma Pels vun Alkmaar op Ouschteren 1948 ageweit.

D'Franziskaner si bis de 5. Dezember 1959 zu Esch bliwwen. De Lëtzebuerger Pater Irénée Wilwert war fir d'lescht Paschtouer. Den 31. Januar 1962 huet d'Stad Esch-Uelzecht d'Kierch als Gebai iwwerholl.

Zanter dem 15. Januar 2016 hu sech Patere vun der Communautéit "Verbum spei" an der Paterskierch installéiert[4].

D'Zäit vum Eugène Kellner[änneren | Quelltext änneren]

Den Eugène Kellner, Mäerz 1978

No de Patere gouf d'Par 48 Joer laang vum Paschtouer Eugène Kellner (gebuer den 23. Januar 1917 zu Biermereng) geleet an zwar bis zu sengem Doud, den 12. Juni 2007. Ënner him ass net nëmmen eng lieweg Par mat enger eegener sozialer Porte Ouverte entstanen, mä de Kierchebau ass och mat räichhaltege sakralen zäitgenëssesche Konschtwierker e liturgesche Bijou ginn.

No schwierege Verhandlungen iwwer de Besëtz vun de Gebaier huet den Escher Gemengerot den 31. Januar 1962 de Vertrag tëschent der ARBED an dem Schäfferot ugeholl.

D'Restauratioun vum Klouschter gouf am Februar 1962 ugefaangen.

An de Joren 1964 bis 1966 gouf d'Kierch mat Ënnerstëtzung vum Bëschof Léon Lommel zu engem groussen Deel sou ëmgebaut, datt si den neie Richtlinne vun der Liturgiereform vum Zweete Vatikanesch Konzil entsprach huet. No de Pläng vun den Escher Architekte Robert Van Hulle a Charles Kuffer an ënner der Opsiicht vum Willy Weigel entstoung e monumentalen an helle Raum mam Altor als Zentrum. Et sollt déi éischt Kierch zu Lëtzebuerg sinn, an där den Altor an der Mëtt vun der liturgescher Gemeinschaft steet. Op Pällemsonndeg 1966 gouf déi éischt Mass an der renovéierter Kierch gefeiert. Am November 1966 gouf d'Heizungsanlag fäerdeg an d'Aarbechten um Veräinshaus goufen ofgeschloss.

Déi net figurativ gestalt Fënsteren, meeschtens fräi Kompositiounen, aus Glasbëtong stame vum Tréierer Kënschtler Reinhard Hess.

No an no koumen zäitgenëssesch Konschtwierker an d'Kierch. Eng grouss Zuel vu sakrale Konschtwierker stame vum Kölner Kënschtler Elmar Hillebrand:

  • d'Altorinsel mam Altorblock, deen den 18. Mee 1969 vum Bëschof Lommel feierlech konsekréiert gouf,
  • den Ambo (Liespult),
  • eréischt 1994 huet d'Altorinsel duerch e faarwegt Intarsieband hir definitiv Form kritt.
  • Zesumme mat sengem Jong, dem Johannes Hillebrand schaaft de Kënschtler 1996 nach déi 4 monumental Käerzestänner mat de Symbole vun de 4 Evangelisten.
  • Iwwer dem Altor hänkt zanter 1968 e monumentaalt Kräiz aus Bronze
  • Nieft der Altorinsel, um lénksen Eck vum Laanghaus zum fréiere Chouerraum steet eng Sakramentssail, déi vum Kölner Kënschtler Karl Burgeff sculptéiert gouf. Déi bronzen Dier vum Tabernakel stellt d'Zeen vum Fousswäschen duer a staamt vum Ludwig Gies.

Den 30. September an 1. Oktober 1978 huet d'Par a Presenz vum Bëschof Jean Hengen a ville Perséinlechkeeten offiziell 50 Joer gefeiert. Festpriedeger war de Pater Mario von Galli S.J.[2][5]

Ufanks der 80er Joren huet déi zweet Phas vun der kënschtlerescher Raumgestaltung ugefaangen:

  • Fir d'éischt koumen déi zwou vum Klemens Hillebrand an Stee gemeesselt Wandtafelen mat bemoolte Rummen an den zwee Säiteschëffer dobäi: riets d'Franziskustafel aus Savonnières-Steen a lénks d'Operstéiungstafel aus Euville-Steen.
  • Vis-à-vis vun der Sakramenteseil ass eng barock Muttergottesstatu mam Jesuskand virun enger illusionistescher Rumm ubruecht.
  • An der lénkser Säitekapell steet eng bronze Pietà aus dem Joer 1987 op engem ronne Sockel aus italieeneschem Santa-Fiora-Steen, deen un d'Affer aus der Par, déi am Zweete Weltkrich gefall sinn, erënnert.
  • An der rietser Säitekapell steet eng monumental Statu vum Gudden Hiert aus dem Joer 2001. Dës vollplastesch Skulptur huet den Elmar Hillebrand zesumme mat sengem Jong Johannes aus Santa-Fiora-Stee gemeesselt.
  • Hannen, am fréiere Chouer, steet e monumentalen Dafsteen aus dem Joer 1987 ënner der Kuppel, déi dat himmlescht Jerusalem symboliséiert.
  • Eng Dauf aus Alabaster vum Clara Hillebrand hänkt an der Kuppel iwwer dem Dafsteen a symboliséiert den hellege Geescht.
  • Nieft dem Dafsteen steet och nach eng bronze Skulptur vun Adam an Eva aus dem Joer 1964, déi awer eréischt Ufanks den 1990er Joren opgestallt gouf, well den Elmar Hillebrand sech ganz enk mat d¨sem Wierk verbonne gefillt huet.
  • Zanter 1994 geet een och duerch en neit bronzent Haaptportal an d'Kierch eran. Si stellt verschidden Zeenen aus der biblescher Geschicht vum Bond tëscht Gott an de Mënschen duer.
  • Eng och vum Elmar Hillebrand aus Holz geschnëtzte Säitepaart stellt de Liewensbam duer.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm vun der Paterekierch hänke 6 Klacken, déi an den Téin cis" h' a' g' f' d' lauden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schnell Kunstführer Nr. 2486 (Michel Schmitt): Katholische Pfarrkirche St. Heinrich Esch-sur-Alzette, 1. Oplo, 2001, St. Paulus Druckerei, 24 S., ISBN 3-7954-6388-2

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paterskierch Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Alex Langini: Ein bisschen Geschichte - Die Sankt-Heinrich-Kirche in Esch/Alzette am Luxemburger Wort vum 23. Januar 2016, S. 28
  2. 2,0 2,1 50 Jahre Pfarrei St. Heinrich, Luxemburger Wort, 29.09.1978
  3. Konsekration der neuen Franziskanerkirche in Esch-Alz. am Luxemburger Wort vum 29. Oktober 1923
  4. Des moines dans la ville d'Esch-sur-Alzette
  5. Die Pfarrei St. Heinrich feierte ihr 50jähriges Bestehen, Luxemburger Wort, 3. 10. 1978, S. 13