Suzie Godart
Suzie Godart | |
---|---|
Gebuer |
20. Juli 1962 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Schoulmeeschter |
Huet matgemaach bei | Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2013, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2012 |
Famill | |
Papp | Armand Hary |
D'Suzie Godart-Hary, gebuer den 20. Juli 1962 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Vëlossportlerin, déi bei Stroossecoursse souwéi am Cyclo-Cross an am Mountainbike aktiv ass.
Se huet eréischt mat 32 Joer ugefaange mam Vëlossport. Se war uechzéngmol lëtzebuergesch Meeschterin, dovu sechsmol am Cyclo-Cross, néngmol am Mountainbike an dräimol op der Strooss.
Si ass d'Mamm vun der Trixy Godart a vum Fränz Godart an d'Duechter vum Armand Hary. Hire Mann ass de Marc Godart, sportlechen Direkter beim Team Differdange - Losch.
Vu Beruff ass d'Suzie Godart Léierin a se bitt an deem Beräich och speziell Coursë fir d'Kanner aus der Grondschoul un, fir datt déi Vëlofuere léieren. De Programm « Bicycool: Sécher a mat Freed Vëlo fueren » gëtt an Zesummenaarbecht vum SCRIPT organiséiert[1].
Erfolleger
[änneren | Quelltext änneren]- 1994
- 1995
- 1997
- 1998
- 2000
- 2001
- 1. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
- 1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
- 2002
- 2003
- 1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
- 3. um Cyclo-Cross zu Sint-Michielsgestel an Holland
- 2004
- 1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
- 2. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
- 2005
- 1. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
- 1. am Cyclo-Cross zu Steinmaur bei Zürich
- 2006
- 2007
- 1. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
- 2. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
- 2. um Cyclo-Cross zu Boezinge
- 3. um Cyclo-Cross zu Olen
- 2008
- 2. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
- 3. bei der Nationaler Meeschterschaft op der Strooss (Elite)
- 3. am Cyclo-Cross zu Conter
- 2009
- 2010
- 2011
- 2012
- 2013
- 2. bei der Nationaler Meeschterschaft am Cyclo-Cross (Elite)
- 10. beim Hansgrohe Superprestige – cyclo-cross de la mer du Nord zu Middelkerke
- 2019
Ekippen
[änneren | Quelltext änneren]- 2004 Team Bianchi-ASC Olympia
- 2005 Team Coogee Saar
- 2006 FBUK
- 2007 Fenixs-HPB
- 2008 Fenixs
- 2009 Fenixs - Edilsavino
- 2010 Fenix-Petrogradets
- 2011 Team PCW
- 2012 Team Duedi-Biemme Metal
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Thibaut Goetz, Suzie Godart, l'éternelle championne apprend les bases du cyclisme aux plus jeunes. moien-mental.lu (31.01.2023) Archivéiert de(n) 05.11.2023. Gekuckt de(n) 18.10.2023.