Sonneblumm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sonneblumm
Sunflower uf7.jpg
Sonneblumm (Helianthus annuus)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Ënnerfamill Asteroideae
Gattung Sonneblummen (Helianthus)
Aart Sonneblumm
Wëssenschaftlechen Numm
Helianthus annuus
L.

D'Sonneblumm (Helianthus annuus) ass eng Planzenaart aus der Gattung vun de Sonneblummen (Helianthus) bannent der Famill vun den Asteraceae.

D'Sonneblumm ass eng krauteg Planz, déi 1 bis 2 Meter, och alt emol 2,2 Meter héich ka ginn. Si blitt vu Juli bis September. D'Bléiekierf hunn en Duerchmiesser vun 10 bis 40 Zentimeter. D'Bléieblieder si gewéinlech giel a 6–10 cm laang, d'Rouerbléie bannendra si brong. Hir Wuerzele gi bis zu 2 Meter déif. Et ass eng eejäreg Planz .

Hiren Numm huet se net nëmme vun hirem Ausgesinn hier, ma och wéinst hirer Fäegkeet, sech der Sonn no ze dréinen (Heliotropismus).

D'Sonneblumm ass eng Kulturplanz, déi ursprénglech aus Nord- a Mëttelamerika hier kënnt, wou se schonn nogewise viru ronn 2500 v. Chr. ugebaut gouf. D'Spuenier hu se vum 16. Joerhonnert un an Europa bruecht, wou se ufanks als Dekoratiounsplanz ugebaut gouf. Zënter dem 17. Joerhonnert goufen d'Käre geholl fir ze Baken, oder als Ersatz fir Kaffi. Eréischt vum 19. Joerhonnert u gëtt d'Sonneblumm gezillt, fir Ueleg aus hire Kären ze gewannen. Hir Käre ginn de Wanter och heefeg benotzt fir d'Vigel ze fidderen.

Hautdesdaags sinn déi gréissten Ubauregioune China, d'Vereenegt Staaten, Russland, d'Ukrain an aner europäesch Länner.

Nährwäert[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminne jee 100 g Sonneblummekäeren[1]:

Inhaltsstoff Wäert Unitéit
Vitamin D
0
µg
Vitamin E Aktiv.
38,84
mg
Folsaier
121
µg
Vitamin B1
1,9
mg
Vitamin B2
0,26
mg
Vitamin B6
1,27
mg
Vitamin C
0
mg
α-Tocopherol
37,2
mg
Vitamin K
0
µg
Biotin
56
µg
Retinolequivalent
3
µg
β-Carotin
15
µg
fräi Folsaier
50
µg

Kategorien[änneren | Quelltext änneren]

Sonnenblummenzorte kënnen, jee nodeem firwat ee se zillt, a 4 Kategorien agedeelt ginn:

  • fir Ueleggewënnung; dës hu besonnesch ville Rouerbléien, a Käre mat dënne Schuelen;
  • fir ze verfidderen: déi hu besonnesch vill Blieder, a gi frësch oder a Form vu Silage u Béischte verfiddert, ma och als Dünger geholl;
  • fir schéin ze maachen; dës wuessen a Gäert an hunn dacks méi wéi ee Bléiestand pro Planz;
  • fir z'iessen; hei sinn d'Käre méi grouss a sëtze méi labber.

An der Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Nature morte mat 15 Sonneblummen vum Vincent van Gogh.

Sonneblumme ginn dacks an der Molerei als Stilelement, absënns bei Nature-mortë vu Blummenarrangementer, gebraucht. Dem Vincent Van Gogh seng Tableaue mat Sonneblumme si wäit bekannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • S. Krist, G. Buchbauer und C. Klausberger: Lexikon der pflanzlichen Fette und Öle. Springer Verlag, Wien 2008, S. 434–441, ISBN 978-3-211-75606-5.
  • Walter Schuster: Die Züchtung der Sonnenblume. 1993, ISBN 3-489-53310-0.
  • Haeupler et.al.: Bildatlas der Farn- und Blütenpflanzen Deutschlands. 2.Auflage, Ulmer-Verlag, ISBN 978-3-8001-4990-2
  • R. Düll/ H. Kutzelnigg: Taschenlexikon der Pflanzen Deutschlands und angrenzender Länder, 7. Auflage, Quelle & Meyer-Verlag, 2011, ISBN 978-3-494-01424-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helianthus annuus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Deutsches Ernährungsberatungs- und -informationsnetz (DEBInet)