Paul Flesch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Paul Flesch, ëm 1920 (Foto Victor Ahlen).
Déi fréier Industrieschoul - zanter 1945 Jongelycée - zu Esch-Uelzecht (2009).

De Paul Flesch, gebuer den 3. Dezember 1870 zu Dikrech a gestuerwen de 27. Juni 1955 um Briddel, war e lëtzebuergeschen Architekt, Urbanist, Fräimaurer a Politiker.

Hien huet vun 1892 bis 1895 zu München op der Königliche Bayerische Technische Hochschule Architektur studéiert, an huet sech, no engem Joer Stage zu Paräis a Reesen an de Midi vu Frankräich an an Algerien, 1896 als Architekt néiergelooss.[1]

1900 ass hie mat senger Famill op Esch-Uelzecht geplënnert a gouf do 1901 Stadarchitekt. Ënnert senger Leedung gouf d'Deviatioun vun der Uelzecht an d'Verlängerung vun der Uelzechtstrooss bis op d'Brillplaz, mat hiren Niewestroossen, souwéi d'Urbaniséierung vum Brill-Quartier ausgeschafft.

1907 gouf hien zum Architekt vum der neier Industrieschoul, dem spéidere Jongelycée, ernannt. Während dem Bau koum et zu Meenungsverschiddenheeten ë.a. mat den Entrepreneuren Armand Spoo an Nicolas Hoffmann. Wéi de Spoo 1909 zum neie Buergermeeschter gewielt gouf, an den Hoffmann Schäffe gouf, huet et net laang gedauert, bis de Flesch entlooss gouf. Hien huet dat net op sech sëtze gelooss, huet dergéint geklot a sech selwer bei den nächste Walen opgesat, a gouf och gewielt. Hie war bis 1912 Gemengerot, dono nach eng Kéier vun 1914 bis 1917. Mä schonns 1915 huet hie, wéinst senger ausgesprachener Frankophilie, missen d'Land verloossen a goung mat senger Famill op Paräis. Do huet hien eng Hëllefsorganisatioun fir déi fräiwëlleg Lëtzebuerger an der Friemelegioun gegrënnt,

An der Tëschekrichszäit gouf hie Member vun der Alliance française a stoung och a Kontakt mam franséische Geheimdéngscht.

1933 krut hien d'Légion d'honneur.

Vun 1926 bis 1928 war hie fir d'Radikal Partei Deputéierten an der Chamber.[2]

Nom däitschen Iwwerfall 1940 ass de Paul Flesch, dee seng Sympathie zu Frankräich net verstoppt huet, fir e puer Méint an de Prisong komm. Staark dovu gezeechent huet hie sech dono no an no aus dem ëffentleche Liewen zréckgezunn. Déi lescht Joren huet hien um Briddel, bei enger vu sengen Duechteren, gewunnt.

Hie war Grënnungsmember vum Escher Verschéinerungsveräin (1901), vum Fräidenkerbond (1904) a méi spéit vun der Société des architectes luxembourgeois, där hiren éischte President hie war.

De Paul Flesch war vun 1897 bis zu sengem Doud mat der Marie Glodt bestuet, si haten zwou Duechteren an ee Jong, dee jonk gestuerwen ass.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Industrieschoul (1905-1909) zu Esch-Uelzecht
  • Postgebai (1930) zu Esch-Uelzecht (zesumme mat dem Nicolas Schmit-Noesen)
  • Pavillon Belvédère (1936) um Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht
  • Villa vum Notaire Gantenbein zu Esch-Uelzecht (5, rue Xavier-Brasseur)
  • eng Rëtsch Haiser an der Rue du Dix Septembre zu Esch; den Nr. 33 war säin eegent Wunnhaus
  • 8 Ingenieurs- an Direkteschvillaen an der Lëtzebuergerstrooss (1912, zesumme mam Paul Funk), souwéi e puer herrschaftlech Haiser vis-à-vis

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes : illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, Ss. 172-173
  • Scuto, Denis (2006). Paul Flesch. (1870-1955). Architecte de la Ville et bâtisseur de la Liberté. Ss. 60-71. In: 100 Joer Esch. 1906-2006. Ville d'Esch-Alzette, 2006, ISBN 2-87954-149-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Flesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Scuto, 2006, an der Literatur.
  2. Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6, S. 514