Op den Inhalt sprangen

Hans Adam

Vu Wikipedia
Hans Adam
Gebuer 23. Februar 1894
Anspach
Gestuerwen 11. September 1942
Köln
Alter 48 Joer
Nationalitéit Däitscht Räich
Auszeechnungen Ordre de la Résistance 1940–1944

Den Heinrich, genannt Hans Adam, gebuer den 23. Februar 1894 zu Anspach am Taunus (Südhessen), an higeriicht zu Köln am Klingelpütz-Prisong den 11. September 1942[1], war e Schmelzaarbechter a Resistenzler.

Den Hans Adam war zanter 1912 Aarbechter op der Schëfflenger Schmelz. 1917 huet e sech zu Schëffleng mat der Catherine Breyer bestuet. Hie war als Gewerkschaftler aktiv an huet bei verschiddene Streiker matgemaach. 1933 ass e mat senger Famill vu Schëffleng op Esch geplënnert.

Am August 1942 war hien ee vun de wichtegsten Acteure beim Proteststreik géint d'Zwangsrekrutéierung. Méindes den 31. August 1942 huet hien ëm 2 Minutten op 6 owes en dräi Kilo schwéieren Takeschlëssel (eng Zort Krop) un d'Stoleseel vum "Bier", der Dampdrocksireen vun der Schmelz, gehaangen an domat d'Zeeche fir de Streik ginn.[2]

Den Adam gouf vun engem "Sondergericht" den 10. September 1942 zum Doud verurteelt an direkt duerno op Köln an de Klingelpütz-Prisong bruecht. Den Dag drop gouf en duerch d'Guillotine higeriicht.

De 26. September gouf seng Fra mat hiren zwee Kanner a Schlesie verschleeft. Eréischt den 21. Juli 1945 konnte si nees op Esch heemkommen.

Him zu Éiere gouf zu Schëffleng de "Square Hans Adam" an zu Bierchem d'"rue Hans Adam" genannt. Zanter Abrëll 2021 erënnert e Stolperstein zu Esch un hien.

 Commons: Hans Adam – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 3. August 1945
  2. ↑ Schifflingen erinnert sich an den Streik von 1942 - Stillstand um 18.02 Uhr op mywort.lu
  3. ↑ Lëscht vun de Leit déi nom Doud d'Croix de l'Ordre de la Résistance 1940-1944 kruten (Stand 1960)