Op den Inhalt sprangen

Kierch Ettelbréck

Vu Wikipedia
Kierch vun Ettelbréck

Uertschaft / PlazEttelbréck
Par Ettelbréck
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Sebastian
Baujoer 1864
Koordinaten 49° 50’ 47.8’’ N
      06° 06’ 02.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Ettelbréck ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ettelbréck gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Sebastian geweit, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.

Den 12. September 2017 gouf se op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl.[1]

Geographesches

[änneren | Quelltext änneren]

Déi Ettelbrécker Kierch steet op enger Héicht vun 199 m iwwer dem Mieresspigel.

Den Héichaltor

[änneren | Quelltext änneren]

Den Héichaltor vun 1909 ass vum Joseph Rifesser.

Déi grouss Uergel

[änneren | Quelltext änneren]

Déi aktuell Uergel, déi 1974 gebaut an am Januar 1975 ageweit gouf, staamt aus der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder. Dispositioun:

1. Manual (Rückpositiv):2. Manual (Hauptwerk):3. Manual (Schwellwerk):Pedall:
Gedeckt 8'Quintade 16'Spitzflöte 8'Flöte 16'
Principal 4'Principal 8'Gambe 8'Subbass 16'
Nasat 2 2/3'Rohrgedeckt 8'Schwebung 8'Flöte 8'
Oktave 2'Oktave 4'Rohrpommer 4'Flöte 4'
Terz 1 3/5'Nachthorn 4'Cornettino 2fNachthorn 2'
Quinte 1 1/3'Sesquialter 2fGemshorn 2'Hintersatz 4f
Cymbel 2fOktave 2'Scharff 4fPosaune 16'
Krummhorn 8'Mixtur 5fTrompete 8'Trompete 8'
Cornet 5fScharff 4fZink 4'
Trompete 8'Oboe 8'
Vox-Humana 8'Clairon 4'

Regulierbare Tremulanten für alle Werke
Koppeln: III/II, I/II, I/P, II/P,III/P
Setzerkombinationen: 8 * 8
Sequenzschalter + - Crescendo

D'Choueruergel

[änneren | Quelltext änneren]

D'Choueruergel gouf 1985 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder gebaut fir de Paschtouer Jos Sauber, deen déi Zäit fir d'Groussbuusser Kierch responsabel war. Wéi deen 1992 Paschtouer zu Ettelbréck gouf, ass d'Uergel an der Ettelbrécker Kierch opgestallt ginn.

Dispositioun:

Lénks ManualsaitRiets Manualsait
Basset 8' (B)Vox humana 8' (D)
Sequialtera 2f (B)Sequialtera 2f (D)
Cymbel 2fGedeckt 8'
Oktave 2'Flöte 4'
Oktave 4'Unda Maris 8' (D)
Principal 8'Tremulant

Pedall ugehaangen

Den Här Sauber war vun 1992 - 2008 Paschtouer zu Ettelbréck an huet der Par Ettelbréck d'Choueruergel am Joer 2008 geschenkt.

D'Ettelbrécker Kierch huet 4 Klacken déi an der Dispositioun c' d' e' g' lauden.

 Commons: Kierch Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).